Aarbechten an der Rue Principale zu Kruuchten (CR123)

Wéinst Stroossenaarbechten ass d’Rue Principale zu Kruuchten tëscht dem Vëloswee “Eeschbierg” an der Bréck iwwer d‘Schrondweilerbaach verengt. De Verkéier gëtt dofir op där Plaz vum 25. bis de 27. November 2025 mat Luuchte gereegelt. Fir de fräie Verkéiersfloss ze garantéieren, ass d‘Parken op béide Säite vun der Strooss tëscht der Kräizung mam Huele Wee an der Kräizung mat der Rue Neuve (CR 115) verbueden. D’Busarrêten “Haaptstrooss” ginn temporär bei d’Hausnummer 49A, respektiv géintiwwer vun der Hausnummer 53, verluecht.

En raison de travaux routiers, la Rue Principale à Cruchten est rétrécie sur le tronçon entre la piste cyclable « Eeschbierg » et le pont qui traverse le ruisseau Schrondweilerbaach. La circulation y est régulée par des feux tricolores du 25 au 27 novembre 2025. Afin de garantir le libre écoulement de la circulation, il est interdit de stationner des deux côtés de la rue entre l’intersection avec la rue Huele Wee et l’intersection avec la Rue Neuve (CR 115). Les arrêts de bus « Haaptstrooss » sont temporairement déplacés vers le numéro 49A, respectivement en face du numéro 53.

PDF: Avis en matière de circulation

PDF: Régistre aux délibérations du Collège des bourgmestre et échevins de Nommern

PDF: Illustration

Dernière modification le 24.11.2025

Des articles de la même catégorie

Orange Week 2025

Orange Week 2025

Gewalt géint Fraen a Meedercher ass nach ëmmer eng vun den heefegsten Mënscherechtsverletzungen weltwäit. Och zu Lëtzebuerg sinn zwee Drëttel vun all de Fraen op d’mannst  eemol vun dëser Gewalt betraff. Zur Geleeënheet vum Internationalen Dag fir d’Ofschafe vu Gewalt...

lire plus
Futtball an der Hal

Futtball an der Hal

D’Sport- & Jugendkommissioun zesumme mat der Gemeng Noumer huet d’Hal vum Filano allkéiers méindes de 17. November, 1. Dezember, 15. Dezember, 29. Dezember, 12. Januar, 26. Januar an den 9. Februar vun 21:00 bis 22:30 Auer reservéiert, fir kënnen an engem lockere...

lire plus