Waasserausfall a gespaarte Stroossen zu Kruuchten

Opgepasst! Wéint den aktuelle Wiederkonditiounen ass d’Waasserspär fir de 25. September 2025 annuléiert a gëtt op den 29. September 2025 verluet.

Am Kader vun der definitiver Abetribnam vum Druckminderer tëscht dem Drénkwaasser-Baseng vun Uewerglabech a Kruuchten kënnt et en Donneschdeg, de 25. September 2025, vun 8 Auer moies bis warscheinlech 12 Auer a ganz Kruuchten, souwéi op den Häff an Haiser laanscht den CR123, zu engem Waasserausfall.

Mir wäerten och vun dësem Ausfall profitéieren, fir verschidde Ventiller am Drénkwaassernetz bei der Kierch zu Kruuchten z’ersetzen. D’Rue des Chapelles gëtt dofir bei der Kierch, bis zum Paschtoueschhaff an der Hausnummer 6, vun en Dënschdeg, den 23. September, bis e Freideg, de 26. September, gespaart.

Fir d’Stroosse Rue des Chapelles, Rue de l’Eglise, Op der Kopp, Kinnekswee an Hemeschbach wäert de Waasserausfall dofir bis an den Nomëtteg weidergoen, warscheinlech bis 16 Auer.

Dofir denkt drun, genuch Drénkwaasser op Reserv ze hunn. Mir soen Iech Merci fir Äert Verständnis.

Déi follgend Linken enthalen déi entspriechend Dokumenter iwwer de Waasserausfall an d’Stroossespärung.

Avis coupure

Avis Route barrée

Attention ! En raison des conditions météorologiques actuelles, la coupure d’eau du 25 septembre 2025 est annulée et reportée 29 septembre 2025.

Dans le cadre de la mise en service définitive du brise-charge entre le bassin d’eau potable d’ Oberglabach et la localité de Cruchten, une coupure d’eau aura lieu jeudi 25 septembre 2025 de 8 heures jusqu’à probablement 12 heures dans toute la localité de Cruchten ainsi que dans les fermes et habitations le long du CR123.

Nous profitions de cette coupure pour également renouveler plusieurs vannes du réseau d’eau potable près de l’église de Cruchten. La rue des Chapelles sera donc barrée près de l’église jusqu’au Paschtoueschhaff et la maison numéro 6 du mardi 23 au vendredi 26 septembre.

Pour les rues : Rue des Chapelles, Rue de l’Eglise, Op der Kopp, Kinnekswee et Hemeschbach, la coupure d’eau se prolongera donc dans l’après-midi, probablement jusqu’à 16h.

Par conséquent, nous vous prions de vous munir d’une réserve adéquate en eau potable. Nous vous remercions de votre compréhension.

Sur les liens suivants, vous trouverez les avis relatifs à la coupure d’eau et à la route barrée.

Avis coupure

Avis Route barrée

Dernière modification le 24.09.2025

Des articles de la même catégorie

Rue du Cimetière zu Schrondweiler gespaart

Rue du Cimetière zu Schrondweiler gespaart

Wéinst Infrastruktur- a Stroossenaarbechten ass d’Rue du Cimetière zu Schrondweiler vun e Méindeg, 26. Januar 2026, u vun der Kräizung mat der Rue Principale (CR115) bis hannert de Gemengenatelier gespaart. Dëse Chantier soll viraussiichtlech 4 Méint daueren. Den...

lire plus