
An der Gemeng Noumer hunn sech viru kuerzem déi 7 Leit déi am Kader vun de Gemengewalen 2023 als gewielt proklaméiert goufen, zesumme fonnt fir dem Grand-Duc respektiv der Inneministesch eestëmmeg folgend Zesummesetzung vum Schäfferot ze presentéieren:
Buergermeeschtesch: Sophie Diderrich, 24 Joer, Agent de voyage, vu Nidderglabech
- Schäffin: Ariane Toepfer, 57 Joer, Directrice “Youth & Work” vun Noumer
- Schäffen: Nicolas Decker, 28 Joer, Architekt, vun Noumer
No hirer Vereedegung duerch d’Inneministesch kann deen neie Schäfferot seng Aarbecht ophuelen an duerno och deen neie Gemengerot.