Ieweschten Deel vun der Rue de la Montagne gespaart

Wéinst Montage an Démontage vun engem Kran ass zu Kruuchten d’Rue de la Montagne op Héicht vum Haus 13-A Donneschdes, den 20. Juni 2024 vun 08:30 bis 16:00 Auer a Freides, de 26. Juli 2024 vun 8:30 bis 16:00 Auer fir de Verkéier gespaart. Déi recommandéiert Deviatioun geet iwwer de Wee “Haansebierg”  (Verlängerung vun der Rue de la Montagne), deen um CR346 zu Schrondweiler ofzweigt. Während der ganzer Zäit, wou de Kran am Asaz ass, d.h. vum 20. Juni 2024 um 15 Auer bis de 26. Juli 2024 um 16:00, ass d’Strooss op eng Fuerbunn verengt, an et ass dowéinst och verbueden, vum Haus 11 bis bei d’Haus 13-B op deenen zwou Säite vun der Strooss ze parken.

Rue de la Montagne – Mitteilung an die Anwohner

Rue de la Montagne – Information aux habitants

Avis Rue de la Montagne (CBE)

Dernière modification le 17.06.2024

Des articles de la même catégorie

Aarbechten um Waasserreseau zu Noumer

Aarbechten um Waasserreseau zu Noumer

Am Kader vun Aarbechten um Waasserreseau vum 25. bis de 27. Juni sinn d'Fuerbunne op der Kräizung vun der Rue Principale an der Rue de l'Eau zu Noumer verengt. De Mëttwoch de 26. Juni gëtt Moies d'Drénkwaasser an der Rue de l'Eau ofgespaart. Hei fannt Dir weider...

lire plus
Feldwee tëschent dem Buurghaff an dem CR346 gespaart

Feldwee tëschent dem Buurghaff an dem CR346 gespaart

Am Kader vun enger Virféierung vu landwirtschaftleche Maschinnen ass de Feldwee vum Buerghaff bis bei den CR346 en Donneschdeg de 27. Juni owes an iwwer Nuecht op e Freideg 28. Juni gespaart. D'Baueren déi op dësem Stéck Feldwee no hirem Véi musse kucke goen däerfen...

lire plus
Aller au contenu principal