
Och dëst Joer féiert den Trajet vun der laanger Distanz vum Schleck Gran Fondo nees duerch eis Gemeng. Aus deem Grond ass den CR306, just a Richtung Medernach, vun der Kräizung Schrondweiler – Fiels (CR 119) aus, den 21. Mee vun 10:30 bis 15:00 Auer gespaart.