Orange Week 2023

Gewalt géint Fraen a Meedercher ass nach ëmmer eng vun den heefegsten Mënscherechtsverletzungen weltwäit. Och zu Lëtzebuerg sinn zwee Drëttel vun all de Fraen op d’mannst  eemol vun dëser Gewalt betraff.

Zur Geleeënheet vum Internationalen Dag fir d’Ofschafe vu Gewalt géint Fraen a Meedercher mécht d’Gemeng Noumer bei der Sensibiliséirungskampagne Orange Week mat, andeems mir d’Gemengegebai vum 25. November bis den 10. Dezember 2023 orange beliichten, an esou och eis Solidaritéit mat den Affer vu Gewalt ausdrécken.

De ganze Programm vun der Orange Week fannt Dir hei : Orange Week – Activités du CNFL – Conseil national des Femmes du Luxembourg an hei: LËT’Z SAY NO | Facebook.

 

Wann Dir selwer Affer vu Gewalt sidd, dann zéckt net op der Helpline unzeruffen (Telefonsnummer 2060-1060).

Dernière modification le 23.11.2023

Des articles de la même catégorie

Verkéiersreegelung am Kader vum Télévie

Verkéiersreegelung am Kader vum Télévie

Léif Awunnerinnen an Awunner vun der Noumer Gemeng, Am Kader vum groussen Télévie-Dag, dëse Samschdeg 20. Abrëll 2024 am Zentrum vun Noumer, wëlle mer Iech iwwer d’Reglementatioun vum Verkéier informéieren (weider liesen)   Chères concitoyennes, chers concitoyens...

lire plus
Aller au contenu principal