Rue Principale zu Noumer (CR 306) gespaart

Wéinst Aarbechten, fir d’Haus Nr. 3 un d’Réseauen unzeschléissen, ass d’Rue Principale zu Noumer (CR 306) op Héicht vun deem Haus vum 3. bis de 7. November 2025 gespaart. Vum 7. November um 17 Auer un ass eng Bunn erëm befuerbar, an de Verkéier gëtt mat Luuchte gereegelt. Déi betraffe Busse vun Haller ginn iwwer den Arrêt Noumer Griechten ëmgeleet, do gëtt um Parking virun der Primärschoul Demi-tour gemaach. Déi folgend Arrête ginn deen Ament net ugefuer: Noumer, Bei der Kirch an Noumer, Weierwiss.

En raison de travaux de raccordement de la maison n° 3, la rue Principale à Nommern (CR 306) sera barrée à hauteur de cette dernière du 3 au 7 novembre 2025. À partir du 7 novembre à 17 heures, une voie de circulation sera à nouveau praticable et la circulation sera réglée par des feux tricolores. Les courses d’autobus concernées en provenance de Haller seront déviées après l’arrêt NOMMERN, Griechten via un demi-tour sur le parking devant l’école primaire (33 Rue Principale) – CR306 (rue Principale) en direction de Eichelborn – CR 119 (rue de l’école) en direction de Schrondweiler – CR115 (rue Principale) – CR346 (rue de la Gare) en direction de Nommern – suite normale et vice versa. Les arrêts suivants ne seront pas desservis : NOMMERN, Bei der Kirch et NOMMERN, Weierwiss.

PDF: Avis en matière de circulation

PDF: Avis Perturbation

PDF: Régistre aux délibérations du Conseil Communal de Nommern

Dernière modification le 29.10.2025

Des articles de la même catégorie

Futtball an der Hal

Futtball an der Hal

D’Sport- & Jugendkommissioun zesumme mat der Gemeng Noumer huet d’Hal vum Filano allkéiers méindes de 17. November, 1. Dezember, 15. Dezember, 29. Dezember, 12. Januar, 26. Januar an den 9. Februar vun 21:00 bis 22:30 Auer reservéiert, fir kënnen an engem lockere...

lire plus
Chantier zu Schrondweiler an der Rue Principale

Chantier zu Schrondweiler an der Rue Principale

Wéinst Aarbechten un de Reseauen zu Schrondweiler an der Rue Principale (CR 115), vum Agang an d’Duerf aus Richtung Kruuchten bis virun d’Kräizung mat der Rue de la Gare (CR 346), verengt sech d’Strooss op eng Fuerbunn an de Verkéier gëtt mat Luuchte gereegelt. De...

lire plus