Strooss tëscht Kruuchten a Schrondweiler komplett gespaart, Impakt op ëffentlechen a Schoultransport

Vum 12. Januar bis de 6. Februar inclus ass den CR115 tëscht Kruuchten a Schrondweiler wéinst Aarbechte komplett fir den Trafic gespaart. Hei ënnendrënner fannt Dir de Plang mat den Deviatiounen. Weider Informatioune ginn et och op Cita.lu.

Dëse Schantjen huet och ee gréisseren Impakt op den ëffentlechen an de Schoultransport. Liest Iech dowéinst déi follgend Informatioune gutt duerch.

PDF: Hei fannt Dir dat offiziellt Schreiwes

Och de Schoulbus fir d’Kanner op de Schoulcampus Noumer ze bréngen ass natierlech affektéiert. Och hei ginn et Deviatiounen an d’Zäite kënnen ofwäichen. D’Eltere ginn iwwer déi zoustänneg Plattform iwwer d’Detailer informéiert.

Informatiounen zu den Deviatioune vun de Buslinnen

Linn 231

D’Busse vun der Linn 231 ginn zu Miesdref direkt iwwer den CR306 a Richtung Glabech ëmgeleet, duerno iwwer den CR346 op Schrondweiler, wou se dann erëm op hire gewinnten Trajet zeréckginn – an dat och an der Géigerichtung.

  • Den Arrêt Miesdref-Kierch gëtt a Richtung Beefort net ugefuer.
  • Den Arrêt Schrondweiler-Um Woes (rue Principale, vu Beefort op Miersch) gëtt ersat duerch den Arrêt Schrondweiler-Um Woes an der Rue de la Gare.
  • Essen a Kruuchten ginn net ugefuer.

Linn K03

D’Linn K03 3598 gëtt nom Arrêt Schrondweiler-Bei der Schoul iwwer den CR346 an den CR306 a Richtung Miesdref ëmgeleet, duerno iwwer den CR123 op Kruuchten. Do gëtt den Arrêt Kruuchten-Haaptstrooss bedéngt, ier de Bus op den normale Wee zeréckgeet.

  • Den Arrêt Schrondweiler-Um Woes (rue Principale) gëtt duerch den Arrêt an der Rue de la Gare ersat.
  • Den Arrêt Kruuchten-Neistrooss gëtt duerch Kruuchten-Haaptstrooss ersat.
  • Den Arrêt Kruuchten-Heemeschbaach gëtt net bedéngt.

Linn K17

D’Linn 3790 aus Richtung Gilsdref gëtt zu Schrondweiler iwwer den CR346 a Richtung Noumer ëmgeleet, duerno iwwer den CR306 iwwer Glabech, ier et op de gewinnten Trajet zeréckgeet.

Linn K18

Déi betraffe Linn mécht zu Kruuchten op der Gare d’Kéier. Do gëtt e provisoreschen Arrêt ageriicht. Duerno geet et iwwer den CR123 op Miesdref, iwwer den CR306 op Noumer, weider op Eechelbuer an iwwer den CR119 op Schrondweiler – an duerno normal weider (och an der Géigerichtung).

  • D’Arrête Kruuchten-Schléf, Kruuchten-Haaptstrooss, Kruuchten-Heemeschbaach a Schrondweiler-Um Woes ginn net bedéngt.
  • Zu Kruuchten op der Gare gëtt e provisoreschen Arrêt ageriicht.

Bemierkung fir d’Linn K18 3604: Den Depart vun der Linn K18 3604 gëtt ëm 14 Minutten virgezunn. Den neien Depart ass um 7:00 Auer zu Biereng-Wäschbur.

Dernière modification le 07.01.2026

Des articles de la même catégorie

Informatioun zum Enn vum Joer

Informatioun zum Enn vum Joer

Chères concitoyennes, chers concitoyens, Nous vous informons qu’à l’occasion de la fin d’année, les bureaux de l’administration communale seront fermés ce mercredi 31 décembre à partir de 11.30 heures. Les bureaux de l’administration communale seront de nouveau...

lire plus
De Reider  4 / 2025

De Reider 4 / 2025

Mir deelen Iech mat, datt den neie Reider, mat dem Manifestatiounskalenner 2026 an dem Kalenner vun den Offallkollekten 2026, déi nächst Deeg an Äre Bréifkëschte leie wäert an Dir fannt en och hei schonn online, an der Rubrik ‘Media Centre’ hei uewe riets.  

lire plus