D’Administratioun vun de ponts et chaussées deelt mat datt d’N7 zu Colmer-Bierg op der Héicht vun der Shell Tankstell an och de CR123 tëscht der Kräizung N7/CR123 an dem Mr.Goufy vum 30. Januar bis den 10. Februar 2023 inclus, wéinst Aarbechte vum OA232, gespaart ginn.
D‘Deviatioun verleeft iwwer de CR123 op Kruuchten a vun do aus iwwert de CR115 a Richtung Rouscht a vice versa. D’Limitatioun vun 3,5t um CR115 ass zu dëser Zäit och opgehuewen.
Wann d’Uertschaft Schieren net muss ugefuer ginn, ass natierlech déi bescht Alternativ iwwert d’A7 ze fuere fir de Chantier ze ëmgoen.
D’Gare vu Colmer-Bierg bleift accessibel vu Colmer-Bierg aus. Déi provisoresch Bréck bleift fir de Verkéier op.
D’Tankstell Shell ass vu Schieren accessibel an de Mr.Goufy vun der Säit vu Colmer-Bierg a Kruuchten aus.
L’administration des ponts et chaussées annonce que, dû à des travaux sur le OA232, le CR123 sera barrée de la station essence vers Mr. Goufy, du 30 janvier au 10 février inclus.
La déviation se fera par le CR123 vers Cruchten et le CR115 de Cruchten vers Roost, et vice versa. La limitation de 3,5t sur le CR115 est levée Pendant cette période.
Si la localité de Schiren ne doit pas être desservie, la meilleure alternative est de passer par l’A7 pour contourner le chantier.
La gare de Colmar-Berg reste accessible depuis Colmar-Berg. Le pont provisoire reste accessible au traffic routier.
La station-service reste accessible depuis Schieren et Mr. Goufy reste accessible depuis Colmar-Berg et Cruchten.