Centre d’incendie et de secours (CIS) – Nommern

Bâtiment CIS Nommern à Cruchten: 26 88 55 42

D’Pompjeeën aus der Gemeng Noumer sin 24/24 h fir Iech do. Si läsche Feier, hëllefe bei Accidenter an Naturkatastrophen, huelen Harespelsnäschter weg, asw.

D’Equipe setzt sech zesummen aus ongefeier 20 aktive Memberen an zousätzlech 10 Jugendlechen.

Jugendpompjeeën

An d’Jugendpompjeeë kann all Jonken vun 8 Joer un kommen. Do gin verschidden Aktiviteite fir dei Jugendlech ugebueden, wei z.B. ee Camp, Rallyen, regelmässeg Übungen…

Ausserdeem léieren déi Jugendlech an 3 Etappen daat Wëssen, daat si brauchen, fir herno ob den Asatz kënnen ze goen:

Vun 10 Joer un: Bronze Test

Vun 12 Joer un: Selwer Test

Vun 15 Joer un: Gold Test

Mam Bestoen vun dësen dräi Tester hun déi Jugendlech de Grondléiergang gemaach.

Mat 16 Joer wiésselen déi Jugendlech an déi grouss Pompjeeën, sou datt si dann op d’Asätz kënne mat goen.

Aktiv Pompjeeën:

All Awunner aus der Gemeng Noumer, ab engem Alter vun 16 Joer, deen deenen aanere Leit hëllefe wëll an eppes fir eis Gemeng an hier Awunner maache wëll, kann an d’Pompjeeën kommen.

Dobäi muss een sech engageieren, an och regelméisseg an d’Übunge kommen, déi 1 mol de Mount statt fannen. Zousätzlech ginn awer och nach aaner Fräizäitaktivitéite gemaach, sou gëtt z.B. all Joer en Tour organiséiert.

D‘Pompjeeën aus der Gemeng Noumer hun 3 Gefierer:

TLF (Tanklöschfahrzeug)
MTW (Mannschaftstransportwagen)
GW (Gerätewagen)
Dernière modification le 09.11.2022
Aller au contenu principal