
D’Mierscher Lieshaus ass eng ëffentlech Bibliothéik, déi Fiktioun a Saachliteratur op Däitsch, Franséisch, Lëtzebuergesch an Englesch fir all Alter ubitt. Niewent de ronn 20 000 physesche Bicher, Zeitungen, Hörbicher an Toniefiguren, kann ee sech mat enger Aschreiwung am Lieshaus och E-books ausléienen a Filmer, Serien an Documentairë streamen.
D’Aschreiwung ass gratis, et muss ee just eng Carte d’identité virweisen an eng Fiche d’inscription ausfëllen.
An der Bibliothéik sti Computeren zur Verfügung an ee Liessall, fir a Rou ze schaffen. Wärend den Ëffnungszäite kann ee sech sou laang an der Bibliothéik ophalen, wéi ee wëll, an zum Beispill gemittlech e Buch liesen.
D’Lieshaus bitt ausserdeem reegelméisseg Aktivitéiten un: Liesunge fir Kleng a Grouss, Buchbespriechungen (Literaturzirkel), Atelieren, Virträg…
Crèchen, Maison-relaisen a Schoulen aus konventionéierte Gemenge kënne sech fir Visitten oder Animatiounen umellen.




Newsletter
Eis éischt Newsletter ass do!
Dir kënnt d’Newsletter liesen, andeem Dir op dëse Link klickt oder de QR-Code scannt.
Voici notre premier newsletter !
Vous pouvez lire la newsletter en cliquant sur ce lien ou en scannant le code QR.
Our first newsletter is here!
You can read the newsletter by clicking on this link or by scanning the QR code.
Kontakt
Mierscher Lieshaus
55, rue Grande-Duchesse Charlotte
L-7520 Mersch
32 50 23 – 550 (Réception)
32 50 23 – 551 (Gérance)
kontakt@mierscher-lieshaus.lu
www.mierscher-lieshaus.lu
