op en Neits randaléiert

An der leschter Nuecht (vum 25. op de 26. August) hunn eng oder méi Persounen hirer Aggressioun fräie Laf gelooss an um Schoulcampus hei zu Noumer randaléiert.

Sou wéi et ausgesäit, ass dobäi e Poteau an den Asaz komm, fir haaptsächlech déi gliese Scheiwe vun Dieren a Fënsteren, besonnesch vun der neier Schoul, der Maison Relais an dem Festsall am Keller, grad esou wéi d’Bushaischen um Parking bei der Schoul ze verwüsten. Déi betraffe Persoune wollten sech ausserdeem Zougang an d’nei Schoul verschafen an hunn dobäi och de Kader vun enger oder méi Fënstere beschiedegt. Weiderhi goufen och d’Fënstere vun Autoen ageschloen.

De Schäfferot ass entsat iwwer d’Ausmooss vun de Beschiédegungen. D’Police huet Protokoll erstallt an Agente vun der Spuresécherung waren op der Plaz. An deem Kontext rifft de Schäfferot alleguer d’Awunner an eisen Dierfer dozou op, wa si eppes Verdächteges gesinn oder héieren, net ze zécken an d’Police ze ruffen. Et ass net fir d’éischte Kéier, datt Vandalismus an eiser Gemeng bedriwwe ginn ass, mee an dësem Fall ass d’Police nach an der Nuecht geruff ginn, an eng oder méi Persounen konnten interpelléiert ginn.

 

La nuit dernière (du 25 au 26 août), une ou plusieurs personnes ont laissé libre cours à leur agressivité et se sont déchaînées sur le campus scolaire ici à Nommern.

Il semblerait qu’un poteau ait été utilisé, principalement sur les vitres de portes et fenêtres, notamment de la nouvelle école, de la Maison Relais et de la salle des fêtes « Keller », tout comme sur l’ abribus du parking de l’école. Il semble que les personnes impliquées voulaient en outre accéder à la nouvelle école et ont ainsi endommagé le cadre d’une ou plusieurs fenêtres. Des vitres de voitures ont également été brisées.

Le collège des bourgmestre et échevins est consterné par l’ampleur des endommagements. La police a dressé protocole et des agents du service du relevé de traces étaient sur place. Dans ce contexte, le collège échevinal fait appel à tous les habitants de nos villages à ne pas hésiter à appeler la police s’ils voient ou entendent quelque chose de suspect. Ce n’est pas la première fois que des actes de vandalisme sont perpétrés dans notre commune, mais dans ce cas la police a été appelée la nuit au moment des faits, et une ou plusieurs personnes ont pu être interpellées.

Dernière modification le 26.08.2022

Des articles de la même catégorie

Tour de Luxembourg zu Noumer

Tour de Luxembourg zu Noumer

E Sonndeg, den 20. September 2026, fiert den Tour de Luxembourg duerch eis Gemeng. Géint 12.15 Auer ass den Depart zu Miersch a ronn 15 Minutten drop passéieren d'Coureure fir d'éischt Uewerglabech, ier et dann zu Noumer de Bierg erop op Goudelt geet. Wärend där Zäit...

lire plus
Schantjen an der Rue de l’Eau zu Noumer

Schantjen an der Rue de l’Eau zu Noumer

Vum 31. August bis de 7. September gëtt d’Haus Nummer 15 an der Rue de l’Eau zu Noumer un d'Netzwierker ugeschloss. De Verkéier gëtt doduerch gestéiert. Du 31 août au 7 septembre, la maison située au 15 Rue de l’Eau sera branchée aux réseaux. Il en résultera des...

lire plus
Post a Creos schaffen an der Rue de l’Eau zu Noumer

Post a Creos schaffen an der Rue de l’Eau zu Noumer

Vum 31. August u fir viraussiichtlech 3 Méint ass d'Rue de l’Eau zu Noumer verengt, dat wéinst Aarbechte vu POST-Telecom a CREOS. Déi betraffe Leit ginn direkt vun de Betriber informéiert. Dès le 31 août pour une durée probable de 3 mois, la Rue de l’Eau à Nommern...

lire plus