Vum 13. bis spéitstens de 24. Abrëll 2026 gëtt de Verkéier an der Rue Principale mat Luuchte gereegelt, vun der Kräizung mat der Rue du Cimetière bis d’Hausnummer 8 inclus. Vum 14. bis de 17. Abrëll gëtt de Busarrêt “Um Woes” vis-à-vis vun 10, Rue Principale, verréckelt virun d’Hausnummer 5.
Du 13 au 24 avril 2026 au plus tard, la circulation dans la Rue Principale sera régulée par des feux tricolores, depuis le croisement avec la Rue du Cimetière jusqu’au numéro 8 inclus. Du 14 au 17 avril, l’arrêt de bus « Um Woes », situé en face du 10, Rue Principale, sera déplacé devant le numéro 5.
De Schäfferot vun der Gemeng Noumer informéiert d’Awunner vun den Haiser 1 bis 17 an der Rue Principale, 2 Rue de la Gare souwéi vun der Rue du Cimetière, datt d’Versuergung mat Drénkwaasser en Donneschdeg, de 16. Abrëll 2026, vun 8:00 Auer bis spéitstens 16:00 Auer wéinst Aarbechten um Drénkwaassernetz ënnerbrach gëtt.Dofir biede mir déi betraffe Persounen, sech mat enger entspriechender Reserve un Drénkwaasser anzedecken. Mir soen Iech Merci fir Äert Versteesdemech.Bei weidere Froen zéckt net, de Gemengeservice technique ze kontaktéieren.
Vum 30. Mäerz bis den 10. Abrëll 2026 ass d’Kierchestrooss tëscht der Rue Principale an der Hausnummer 1 inklusiv fir de Verkéier gespaart.
De Verkéier op der Rue Principale gëtt duerch Luuchte gereegelt an d’Chauffere mussen den entgéintkommende Gefierer d’Virfaart loossen an däerfen nëmme virfueren, wann d’Strooss fräi ass.
Op deenen zwee concernéierten Tronçonen ass et verbueden ze parken an den Trottoir ass op Héicht vum Traffo an der Kierchestrooss gespaart.
Merci fir Äert Versteesdemech.
Du 30 mars au 10 avril 2026, la Kierchestrooss sera fermée à la circulation entre la Rue Principale et la maison 1 incluse.
La circulation sur la Rue Principale sera régulée par des feux tricolores et les conducteurs devront céder le passage aux véhicules venant en sens inverse et ne s’engager que si le passage est libre.
Le stationnement est interdit dans les tronçons concernés par le chantier et l’accès au trottoir est interdit à hauteur du poste transformateur de la Kierchestrooss.
Nous vous remercions de votre compréhension.
Klickt op d’Dokumenter, fir déi komplett Versioun ze kucken.
Cliquez sur les documents pour consulter la version complète.
Den CR123 tëscht Kruuchten a Colmer-Bierg ass vum 1. bis den 3. Abrëll an dono och nach eemol de 7. Abrëll komplett fir den Trafic gespaart, wéi d’Ponts&Chaussées matdeelen. Fir d’éischt sinn d’Aarbechte ronderëm déi definitiv Erneierung vun der Strooss, ier sech dann nach ëm de Marquage gekëmmert gëtt.
Inscris-toi! Les inscriptions pour les nouveaux élèves pour l’année scolaire 2026/2027 à l’École de musique de l’UGDA sont ouvertes à partir du 11 mai jusqu’au 23 mai 2026.
Mir deelen Iech mat, datt den neie Reider déi nächst Deeg an Äre Bréifkëschte leie wäert an Dir fannt en och hei schonn online, an der Rubrik ‘Media Centre’ hei uewe riets.
Ab dem 11. Mäerz 2026 um 8:00 Auer bis zum Ofschloss vun den Aarbechten ass de Verkéier um Glaberbaachwee, op Héicht vun der Bréck um CR346, temporär an zwou Richtunge verbueden, dëst am Kader vun Aarbechten zur Stabiliséierung vum Uwänner vun der Schrondweilerbaach.
Merci fir Äert Versteesdemech.
À partir du 11 mars 2026 à 8h00 et jusqu’à la fin des travaux, la circulation sera temporairement interdite dans les deux sens sur le chemin rural “Glaberbaachwee”, au niveau du pont sur le CR346, dans le cadre de travaux de stabilisation de la berge du cours d’eau “Schrondweilerbaach”.
Merci de votre compréhension.
Klickt op d’Dokument, fir de komplette PDF ze kucken. Är Demande kënnt Dir per Post schécken oder och online (ënnen am Artikel) eraschécken.
Cliquez sur le document pour voir le PDF complet. Vous pouvez envoyer votre demande par courrier ou également la soumettre en ligne (ci-dessous dans l’article).
Iwwer MyGuichet.lu kënnen d’Bierger elo hir Gemengefacturen (z. B. Offall, Holz oder aner kommunal Déngschter) ganz einfach elektronesch kréien. Dozou muss een a sengem private Beräich just seng Zoustëmmung ginn.
Soubal eng nei Rechnung disponibel ass, gëtt de Bierger automatesch informéiert – per E-Mail oder, wann een d’MyGuichet-App benotzt, och iwwer Push-Notifikatiounen. D’Rechnung kann duerno sécher online consultéiert an erofgeluede ginn.
Dëst gëllt fir all Gemengen zu Lëtzebuerg a kann zu all Moment zeréckgezu ginn. Ouni dës Zoustëmmung oder am Fall vun engem Zeréckzéie ginn d’Facturë weiderhin iwwer de gewinnte Wee (klassesche Courrier oder E-Mail) verschéckt.
Via MyGuichet.lu, les citoyens peuvent désormais recevoir leurs factures communales (p. ex. déchets, bois ou autres services communaux) de manière simple et électronique. Pour cela, il suffit de donner son consentement dans son espace privé.
Dès qu’une nouvelle facture est disponible, le citoyen est automatiquement informé – par e-mail ou, s’il utilise l’application MyGuichet, également via des notifications push. La facture peut ensuite être consultée et téléchargée en toute sécurité en ligne.
Ce service s’applique à toutes les communes du Luxembourg et le consentement peut être retiré à tout moment. Sans ce consentement ou en cas de renonciation, les factures continuent d’être envoyées par la voie habituelle (courrier ou e-mail).
Nous vous informons qu’à l’occasion de la fin d’année, les bureaux de l’administration communale seront fermés ce mercredi 31 décembre à partir de 11.30 heures.
Les bureaux de l’administration communale seront de nouveau ouverts lundi, le 5 janvier 2026 à partir de 8.00 heures.
Pour les déclarations de décès, prière de contacter le 83 73 18 – 800.
Les membres du collège des bourgmestre et échevins et du conseil communal ainsi que le personnel de la commune de Nommern vous souhaitent une bonne année 2026.
Léif Matbiergerinnen, léif Matbierger,
Mir informéieren Iech, datt zum Enn vum Joer d’Büroe vun der Gemengeverwaltung ab e Mëttwoch 31. Dezember um 11.30 Auer zou sinn.
Wann Dir e Stiewfall matdeele musst, da kontaktéiert wgl. den 83 73 18 – 800.
De Gemengen- a Schäfferot esou wéi d’Personal vun der Gemeng Noumer wënschen Iech alles Guddes fir dat neit Joer 2026.
D’Sport- & Jugendkommissioun zesumme mat der Gemeng Noumer huet d’Hal vum Filano allkéiers méindes de 17. November, 1. Dezember, 15. Dezember, 29. Dezember, 12. Januar, 26. Januar an den 9. Februar vun 21:00 bis 22:30 Auer reservéiert, fir kënnen an engem lockere Kader Futtball ze spillen. Wann Dir Loscht an Zäit hutt matzespillen, kënnt Dir gär einfach laanscht kommen. Fir weider Froe mellt Iech gär per Mail un: nicolas.decker@nommern.lu.
La Commission des sports et de la jeunesse, en collaboration avec la commune de Nommern, a réservé la salle Filano tous les lundis 17 novembre, 1er décembre, 15 décembre, 29 décembre, 12 janvier, 26 janvier et 9 février, de 21h00 à 22h30, pour jouer du football dans une ambiance détendue. Si vous avez envie de jouer et que vous êtes disponible, vous êtes les bienvenus. Pour toute question, veuillez contacter: nicolas.decker@nommern.lu.
Fir d’Grondwaasser besser ze schützen an ze geréieren, gëtt aktuell en Inventaire vun de private Pëtzen a Buerungen duerchgefouert, déi net un d’ëffentlecht Waassernetz ugeschloss sinn. Dëst hëlleft, d’Waasserversuergung op laang Siicht ze sécheren. Awunner, déi esou Installatiounen hunn, sollen deen hei Formulaire ausfëllen an un d’Gemeng zeréckschécken: https://eau.gouvernement.lu/…/frm-inventaire-puits-et…
Inventaire des puits et forages privés
Afin de mieux protéger et gérer les eaux souterraines, un inventaire des puits et forages privés non raccordés au réseau public d’eau potable est actuellement en cours. Cette démarche contribue à sécuriser l’approvisionnement en eau potable à long terme. Les habitants disposant de telles installations sont invités à remplire le formulaire et de le retourner à la commune: https://eau.gouvernement.lu/…/frm-inventaire-puits-et…
Zu Uewerglabech ass eng nei Struktur vun der Croix-Rouge luxembourgeoise fir Kanner a Jugendlecher, déi an Nout sinn, opgaangen. Bei der Aweiung war nieft dem Direkter vum Roude Kräiz Michel Simonis an dem Gilles Dhamen vum Educatiounsministère och d’Buergermeeschtesch Sophie Diderrich dobäi. An dëser neier Struktur bei eis an der Gemeng kënnen eng aacht Kanner a Jugendlecher am Alter tëscht 4 an 18 Joer Plaz fannen a betreit ginn. Och Erwuessener bis 27 Joer kënnen hei opgeholl ginn. Bei der Aweiung d’lescht Woch huet eis Buergermeeschtesch Sophie Diderrich an hirer Ried betount: „Dir sidd häerzlech wëlkomm“. D’Kanner an déi Jugendlech solle sech an der Noumer Gemeng wuelfillen, esouwuel an hirem neien Doheem, wéi och an der Schoul, op de Spillplazen oder an den diverse Veräiner.
Une nouvelle structure de la Croix-Rouge pour les enfants et les jeunes en difficulté a ouvert ses portes à Oberglabach. L’inauguration s’est déroulée en présence du directeur de la Croix-Rouge, Michel Simonis, de Gilles Dhamen, du Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse, ainsi que de la maire Sophie Diderrich. Cette nouvelle structure, implantée dans notre commune, peut accueillir et prendre en charge huit enfants et jeunes âgés de 4 à 18 ans. Les adultes jusqu’à 27 ans peuvent également y être accueillis. Lors de l’inauguration la semaine dernière, notre maire Sophie Diderrich a déclaré dans son discours : « Vous êtes les bienvenus. » Les enfants et les jeunes doivent se sentir à l’aise dans la commune de Nommern, aussi bien dans leur nouveau foyer qu’à l’école, sur les aires de jeux et dans les différents clubs.
Gemäß de Bestëmmunge vum Artikel 30bis vum geännerten Aménagementsgesetz vum 19. Juli 2004 huet de Schäfferot den 19. August 2025 d’Decisioun geholl, e Projet fir den Artikel 4 vum schrëftlechen Deel vum PAP “Quartiers existants” ze änneren, op den Instanzewee ze ginn.
De lokale Wanderwee N3 huet missen ëmgeleet ginn duerch eng ëmgeknéckte Bich, déi net virum 15. September ewechgeholl ka ginn. Am Geoportail an op der Plaz ass eng Deviatioun gezeechent.
Le sentier de randonnée local N3 a dû être dévié en raison d’un hêtre tombé qui ne peut être enlevé avant le 15 septembre. Une déviation a été signalée dans le géoportail et sur place.
D’Gemeng Noumer weist Iech drop hin, dass momentan eng gewësse Firma “Capner” Telefonsuriff tätegt a vun Dier zu Dier geet, fir deelweis aggressiven Demarchage fir Photovoltaïkanlagen ze maachen. Dës Firma ass NET vun der Gemeng Noumer beoptraagt an agéiert och net an der Gemeng hirem Numm.
Loosst Iech wgl. net ënner Drock setzen. Loosst Iech, bei Interessi ärersäits, och aner Offere vun aneren Installateure weisen an informéiert Iech onofhängeg. Fir all Är Froen, betreffend nohaltegem Wunnen, kënnt Dir Iech och gäre bei eisem Partner, der Klima-Agence, mellen: +352 8002 11 90
Chères habitantes, chers habitants,
La commune de Nommern souhaite vous informer qu’une société dénommée “Capner” effectue actuellement des appels téléphoniques et du démarchage en porte-à-porte, parfois de manière insistante, pour proposer des installations de panneaux photovoltaïques. Cette société n’a pas été mandatée par la commune et n’agit pas pour le compte de la commune.
Ne vous laissez pas mettre sous pression ! Si vous êtes réellement intéressé·e, comparez aussi avec des offres proposées par d’autres installateurs et renseignez vous de manière indépendante. Pour toute question relative à l’habitat durable, vous pouvez également contacter notre partenaire, la Klima-Agence : +352 8002 11 90
Post Technologies finalisera le réseau de fibre optique dans la localité de Cruchten au cours des prochains mois, commençant la semaine du 5 mai 2025. À cette fin, les trottoirs de la rue Principale devront être ouverts en grande partie entre la rue Neuve et la sortie du village en direction de Mersch. L’accès des piétons aux bâtiments restera garanti, mais l’accès des véhicules nécessitera peut-être un petit délai.
L’administration communale et la société CREOS saisissent l’occasion de ce chantier pour également réaliser divers travaux.
Post Technologies enverra un courrier aux personnes concernées avec quelques jours d’avance pour les informer que le chantier arrivera au niveau de leur domicile.
Nous vous remercions de votre compréhension.
Post Technologies stellt ab der Woch vum 5. Mee 2025 de Glasfaser Reseau zu Kruuchten fäerdeg. An deem Kontext muss e groussen Deel vun den Trottoire vun der Rue Principale, tëschent der Rue Neuve an dem Enn vun der Uertschaft a Richtung Miersch, opgemaach ginn. Den Zougang zu den Haiser a Gebaier ass ëmmer garantéiert, mam Auto muss een eventuell kuerz waarden.
D’Gemeng an d’CREOS profitéiere vun dësem Chantier fir zäitgläich e puer néideg Aarbechten ze realiséieren.
Post Technologies wäert de betraffenen Leit e puer Deeg am viraus e Bréif schécken, fir si ze informéieren, datt de Chantier op héicht vun hirem Haus respektiv Gebai ukënnt.
Vun e Méindeg, dem 14. Abrëll 2025, u féiert d’Entreprise Cogetrax fir d’Post Aarbechten aus, um Deel vum Trottoir tëschent den Haiser Nr. 63 bis 69, fir d’Stéit un d’Glasfasernetz vun der Post unzeschléissen. Dowéinst kann deen Deel vum Trottoir net benotzt ginn, d’Zougäng bei d’Haiser bleiwen awer garantéiert. An enger 2. Phas, déi fir Ufank Mee geplangt ass, ginn dann nach weider Privatuschlëss un d’Glasfasernetz an der Rue Principale an am Ufank vun der Rue de l’Alzette zu Kruuchten gemaach.
À partir de lundi 14 avril 2025, l’entreprise Cogetrax effectuera des travaux pour le compte de la Post sur un tronçon du trottoir entre les maisons n°63 et 69, afin de raccorder les habitations au réseau de fibre optique de Post. Par conséquent, cette partie du trottoir ne pourra pas être utilisée, mais l’accès aux maisons restera garanti. Dans une deuxième phase, prévue pour début mai, d’autres raccordements privés au réseau de fibre optique seront réalisés dans la Rue Principale ainsi qu’au début de la Rue de l’Alzette à Cruchten.
De ganzen Dossier vum PAP 11, Um Aker läit op der Gemeng aus vum 24. Mäerz bis den 23. Abrëll 2025.
Gemäß de Bestëmmunge vum Artikel 30 vum geännerten Aménagementsgesetz vum 19. Juli 2004 informéiert de Schäfferot Iech doriwwer, datt hien duerch séng Decisioun vum 11. Mäerz 2025 de Projet vum PAP mam Numm 11, Um Aker zu Schrondweiler op den Instanzewee ginn huet, fir geneemegt ze ginn. Während 30 Deeg, an zwar vum 24. Mäerz bis den 23. Abrëll 2025, kënnen interesséiert Persounen sech den Dossier vum PAP op der Gemeng beim Service technique oder hei um Internet ukucken. Nëmmen d’Pabeierversioun op der Gemeng ass rechtsgülteg. Bemierkungen a Reklammatiounen dozou si schrëftlech, a bis spéitstens den 23. Abrëll 2025, un de Schäfferot eran ze schécken, entweder op d’Adress vun der Gemeng, 31, Rue Principale, L-7465 Nommern oder per E-Mail op d’Adress technique@nommern.lu.
De ganzen Dossier vum PAP läit op der Gemeng aus vum 12. Februar bis de 14. Mäerz 2025.
Gemäß de Bestëmmunge vum Artikel 30 vum geännerten Aménagementsgesetz vum 19. Juli 2004 informéiert de Schäfferot Iech doriwwer, datt hien duerch séng Decisioun vum 4. Februar 2025 de Projet vum PAP mam Numm Schléf III zu Kruuchten op den Instanzewee ginn huet, fir genehmegt ze ginn. Während 30 Deeg, an zwar vum 12. Februar bis de 14. Mäerz 2025, kënnen interesséiert Persounen sech den Dossier vum PAP op der Gemeng beim Service technique oder hei um Internet ukucken. Nëmmen d’Pabeierversioun op der Gemeng ass rechtsgülteg. Bemierkungen a Reklammatiounen dozou si schrëftlech, a bis spéitstens de 14. Mäerz, un de Schäfferot eran ze schécken, entweder op d’Adress vun der Gemeng, 31, Rue Principale, L-7465 Nommern oder per E-Mail op d’Adress technique@nommern.lu.
Wichteg Informatioune vun der Police am Kader vun Abréch
An deene leeschten Deeg ass et virun allem wärend den Owesstonnen zu enger Rei Abréch komm. D’Police geet dovun aus, dass et sech ëm méi Täter handelt, déi och weiderhi wäerten Abréch begoen.
Sollten Iech an deem Zesummenhang verdächteg Persounen oder Autoen opfalen, da mellt dës w.e.g. direkt ënner der Noutruffnummer 113 vun der Police.
Weider Rotschléi:
Späert all Dieren a Fënsteren, och bei de Garagen a Kelleren, wann der netdoheem sidd.
Aktivéiert är Alarmanlag, och wann der nëmme kuerz fort sidd.
Maacht owes d’Luuchten am Haus un.
Weider Informatioune fir sech géint Abréch ze schütze fannt Dir ënner police.lu/prevention.
Informations importantes de la Police en rapport avec les cambriolages
Ces derniers jours, les cambriolages se sont multipliés, principalement en soirée. La Police suppose qu’il y a plusieurs auteurs qui continueront à être actifs.
Si vous remarquez des personnes ou des véhicules suspects dans ce contexte, nous vous prions d’en informer immédiatement la Police en appelant le numéro d’urgence 113.
D’autres conseils :
Fermez toujours toutes les portes et fenêtres, y compris celles des garages et des caves, lorsque vous n’êtes pas à la maison.
Activez votre système d’alarme, même en cas de courte absence.
Allumez les lumières de votre maison le soir.
Vous trouverez d’autres conseils pour vous protéger contre les cambriolages sur police.lu/prevention.
Wichtige Informationen der Polizei in Zusammenhang mit Einbrüchen
In den letzten Tagen kam es hauptsächlich in den Abendstunden zu vermehrten Einbrüchen. Die Polizei geht von mehreren Tätern aus, die auch weiterhin aktiv sein werden.
Sollten Ihnen in diesem Zusammenhang verdächtige Personen oder Fahrzeuge auffallen, bitten wir Sie, umgehend die Polizei unter der Notrufnummer 113 in Kenntnis zu setzen.
Weitere Ratschläge:
Verschließen Sie immer alle Türen und Fenster, auch bei Garagen und Kellerräumen, wenn Sie nicht zu Hause sind.
Aktivieren Sie Ihre Alarmanlage, auch bei kurzer Abwesenheit.
Schalten Sie am Abend das Licht in Ihrem Zuhause ein.
Weitere Ratschläge um sich vor Einbrüchen zu schützen finden Sie unter police.lu/prevention.
Important information from the police regarding burglaries
In the last few days, an increased number of burglaries have occurred, mainly in the evenings. The Police assume that there are several criminals who will continue to be active.
If you notice suspicious persons or vehicles in this context, please contact the Police immediately by calling the emergency number 113.
Further advice:
Always lock all doors and windows, including those to your garage and basement, when you are not at home.
Activate your alarm system, even if you are only away for a short time.
Switch on the light in your home in the evening.
Further advice on how to protect yourself against burglaries can be found at police.lu/prevention.
Wéinst dem Verleeë vun enger Waasserleitung vu Kruuchten bis bei de Buerghaff, gëtt de Verkéier op der Rue Principale ab dem Haus 75 a Richtung Zaneschhaff mat Luuchte gereegelt. Dat entspriéchend Reglement ass a Kraaft ab dem 28. Oktober 2024 bis zum Enn vun Aarbechten, mee leeft spéitstens bis 25. Abrëll 2025 of.
En raison de la pose d’une conduite d’adduction entre Cruchten et Burghof, la circulation sera reglée sur la Rue Principale à partir de la maison 75 en direction de Zaneschhaff au moyen de feux tricolores. Le règlement de circulation correspondant est en vigueur à partir du 28 octobre 2024 jusuq’à la fin des travaux, mais viendra à échéance au plus tard le 25 avril 2025.
Den 10. Juli 2024 huet eng Infoversammlung betreffend den Aarbechten déi am Kader vun den Projeten fir d’ Erneierung vun der Rue du Cimetière an dem Bau vun den Réseauen fir de neien Atelier zu Schrondweiler stattfonnt. D’Presentatioun dozou fannt dir hei ënnen.
Une réunion d’information concernant les travaux dans le cadre des projets de renouvellement de la rue du Cimetière et de la pose des réseaux du nouvel atelier à Schrondweiler a eu lieu le 10 juillet 2024. La présentation s’y afférant se trouve ci-dessous.
D’Aarbechten um Wanderwee N5 konnte scho gemaach ginn an de Wee ass nees op. Mee wéi an all Bësch bei dësem stiermesche Wieder gëllt et ëmmer virsiichteg ze sinn a gutt opzepassen.
Duerch d’Ofstierwe vun enger Rei vu Beem an déi domat verbonne Gefore war d’Gemeng am spéide Fréijoer gezwongen, no Ofsprooch mat eisem Fierschter, de Wanderwee N5 zu Schrondweiler ze späre fir eis Wanderer net a Gefor ze bréngen.
Duerch Gesetzer a Veruerdnunge fir d‘Erhalen an de Schutz vun den Aarten an hire Liewesraim konnten déi néideg Sécherungsschnëtt net dee Moment, am Ufank vun der Vegetatiounsperiod, gemaach ginn. Mat Récksiicht op den Naturschutz hu mir elo zesumme mat der Natur- a Bëschverwaltung e Plang ausgeschafft fir dës Sécherungsaarbechten auszeféieren, an dobäi an engems déi vill wichteg Hielen an den ofgestuerwene Beem, déi vu grousser Wichtegkeet fir d’Erhale vun den Aarten sinn, kënnen ze notzen.
Mir sinn deemno frou Iech matzedeelen datt dës Aarbechten an deenen nächste Méint duerchgefouert kënne ginn, a mir hoffen datt de Wee pénktlech fir dat neit Joer nees opgemaach ka ginn. Och freet et eis datt eng Rei Beem sech an dëse leschte Méint nees vun der Dréchent erhuele konnten, an eis dann fir de Moment mol erhale bleiwe kënnen.
Eise Fierschter, den Här Gilles Schneider behält d‘Situatioun fir eis am An an informéiert eis wann den Zoustand vun de Beem sech verschlechtere sollt (Tél. : 621 202 159).
Dat gesond Holz vun dëse Sécherungsschnëtt kann dann och als Brennholz un eis Bierger verkaaf ginn.
Déi Beem déi schonn ze wäit ofgestuerwe sinn a fir d’Sécherheet vun de Wanderer ëmgeluecht musse ginn, bleiwen am Bësch leie fir den Ökosystem am Bësch ze erhalen a bäizedroe Kuelestoff ze späicheren.
Noumer, de 30. Oktober 2023
de Schäfferot
Fermeture temporaire du sentier N5
Actualisation :
Les travaux sur le chemin de randonnée N5 ont déjà pu être réalisés et le chemin est de nouveau ouvert. Mais malgré tout il faut toujours être prudent et faire attention, comme dans chaque forêt par ce temps orageux.
Suite au dépérissement avancé de plusieurs arbres situés à proximité du sentier N5 et du risque imminent d’incident pour les usagers des sentiers récréatifs résultant, l’Administration Communale de Nommern, en concertation avec le préposé-forestier, était obligée de procéder au courant du printemps 2023 à la fermeture temporaire du sentier N5 situé à Schrondweiler, dans la forêt dite « Schrondweiler-Säitert ».
En conformité aux lois et règlementations en vigueur stipulant la préservation et la protection des espèces, ainsi que de leurs habitats, la coupe de sécurisation y relative n’a pourtant pas pu être réalisée en début de la période de végétation. Afin de respecter ainsi au maximum la conservation de la nature, l’Administration Communale de Nommern, en collaboration avec l’Administration de la Nature et des Forêts a élaboré un planning des travaux de sécurisation, tout en respectant que les arbres en stade de dépérissement présentent souvent de nombreuses cavités d’une grande importance en tant qu’habitats d’espèces.
Partant nous avons le plaisir d’annoncer que les travaux mentionnés vont être réalisés dans les mois à venir et seront probablement achevés pour le Nouvel An. De plus, quelques arbres ont pu régénérer le déficit en précipitations durant l’actuelle période de végétation. Leur abattage ne s’avère plus indispensable à ce stade. Pourtant, l’état phytosanitaire sera observé régulièrement par le préposé de la nature et des forêts local, M. Schneider Gilles, qui pourra être contacté en cas d’observation de dégradation d’état de santé des arbres restants. (Tél. : 621 202 159)
Le bois sain, en provenance de cette coupe de sécurisation, sera commercialisé au bénéfice des habitants de la Commune de Nommern en vue de satisfaire à la demande en bois de chauffage local.
Les arbres présentant un stade de dépérissement trop avancé, dont l’abattage s’avère indispensable en vue de la sécurisation du sentier et des infrastructures, seront conservés sur place en parterre en forêt, afin de contribuer activement à la conservation de l’écosystème forestier et au stockage du carbone.
No de Komplementarwalen vum 8. Oktober 2023 huet d’Buergermeeschtesch Sophie Diderrich den 20. Oktober déi dräi nei Gemengerotsmemberen vereedegt: Philippe Metz vun Noumer, Celia Reckinger vu Schrondweiler a Luc Watgen vu Kruuchten. Domat ass eise Gemengerot elo komplett.
vu lénks no riets: Lucien Schabot, Nicolas Decker, Marc Zenners, Sophie Diderrich, Luc Watgen, Guy Biren, Ariane Toepfer, Celia Reckinger, Philippe Metz
Entgéint deene Resultater déi an de fréie Mueresstonne vum 09/10/2023 an der nationaler Press zirkuléiert sinn, sinn hei déi korrekt Resultater vun de Komplementarwalen vum 08/10/2023 fir d’Gemeng Noumer. Gewielt sinn deemno de Philippe Metz, d’Celia Reckinger an de Luc Watgen.
Contrairement aux résultats circulant dans la presse indigène en début de journée du 09/10/2023, ci-suivant les résultats corrects des élections communales complémentaires du 08/10/2023 dans la commune de Nommern. Sont donc à considérer comme élus: Philippe Metz, Celia Reckinger et Luc Watgen.
Preparéiert är Kanner op d’Rentrée an erkläert hinne wéi si sech am Stroosseverkéier richteg verhalen an op wat si op hirem Schoulwee oppasse mussen.
Préparez vos enfants à la rentrée scolaire et expliquez-leur le comportement à adopter dans la circulation routière et ce à quoi ils doivent faire attention sur le chemin de l’école.
An der leschter Nuecht (vum 25. op de 26. August) hunn eng oder méi Persounen hirer Aggressioun fräie Laf gelooss an um Schoulcampus hei zu Noumer randaléiert.
Sou wéi et ausgesäit, ass dobäi e Poteau an den Asaz komm, fir haaptsächlech déi gliese Scheiwe vun Dieren a Fënsteren, besonnesch vun der neier Schoul, der Maison Relais an dem Festsall am Keller, grad esou wéi d’Bushaischen um Parking bei der Schoul ze verwüsten. Déi betraffe Persoune wollten sech ausserdeem Zougang an d’nei Schoul verschafen an hunn dobäi och de Kader vun enger oder méi Fënstere beschiedegt. Weiderhi goufen och d’Fënstere vun Autoen ageschloen.
De Schäfferot ass entsat iwwer d’Ausmooss vun de Beschiédegungen. D’Police huet Protokoll erstallt an Agente vun der Spuresécherung waren op der Plaz. An deem Kontext rifft de Schäfferot alleguer d’Awunner an eisen Dierfer dozou op, wa si eppes Verdächteges gesinn oder héieren, net ze zécken an d’Police ze ruffen. Et ass net fir d’éischte Kéier, datt Vandalismus an eiser Gemeng bedriwwe ginn ass, mee an dësem Fall ass d’Police nach an der Nuecht geruff ginn, an eng oder méi Persounen konnten interpelléiert ginn.
La nuit dernière (du 25 au 26 août), une ou plusieurs personnes ont laissé libre cours à leur agressivité et se sont déchaînées sur le campus scolaire ici à Nommern.
Il semblerait qu’un poteau ait été utilisé, principalement sur les vitres de portes et fenêtres, notamment de la nouvelle école, de la Maison Relais et de la salle des fêtes « Keller », tout comme sur l’ abribus du parking de l’école. Il semble que les personnes impliquées voulaient en outre accéder à la nouvelle école et ont ainsi endommagé le cadre d’une ou plusieurs fenêtres. Des vitres de voitures ont également été brisées.
Le collège des bourgmestre et échevins est consterné par l’ampleur des endommagements. La police a dressé protocole et des agents du service du relevé de traces étaient sur place. Dans ce contexte, le collège échevinal fait appel à tous les habitants de nos villages à ne pas hésiter à appeler la police s’ils voient ou entendent quelque chose de suspect. Ce n’est pas la première fois que des actes de vandalisme sont perpétrés dans notre commune, mais dans ce cas la police a été appelée la nuit au moment des faits, et une ou plusieurs personnes ont pu être interpellées.
Mir erënneren Iech drun datt eis Buslinnen ab e Sondeg nees déi al Nummeren hunn an deen neien Plang a Kraaft trëtt. Informéiert Iech op www.mobilitéit.lu
Ce site utilise des cookies techniques essentiels, des cookies de mesure d’audience et des services tiers pouvant déposer des cookies. Vous pouvez accepter ou refuser ces derniers via le boutons “Personnaliser”.
Fonctionnel
Toujours activé
Le stockage ou l'accès technique est strictement nécessaire dans le but légitime de permettre l'utilisation d'un service spécifique explicitement demandé par l'abonné ou l'utilisateur, ou dans le seul but d'effectuer la transmission d'une communication sur un réseau de communications électroniques.
Préférences
The technical storage or access is necessary for the legitimate purpose of storing preferences that are not requested by the subscriber or user.
Statistiques
The technical storage or access that is used exclusively for statistical purposes.Le stockage ou l'accès technique qui est utilisé exclusivement à des fins statistiques anonymes. Sans assignation à comparaître, conformité volontaire de la part de votre fournisseur de services Internet ou enregistrements supplémentaires d'un tiers, les informations stockées ou récupérées à cette seule fin ne peuvent généralement pas être utilisées pour vous identifier.
Marketing
The technical storage or access is required to create user profiles to send advertising, or to track the user on a website or across several websites for similar marketing purposes.