Aweiung vun neier Struktur vun der Croix-Rouge fir Kanner a Jugendlecher zu Uewerglabech

🇱🇺 Zu Uewerglabech ass eng nei Struktur vun der Croix-Rouge luxembourgeoise fir Kanner a Jugendlecher, déi an Nout sinn, opgaangen. Bei der Aweiung war nieft dem Direkter vum Roude Kräiz Michel Simonis an dem Gilles Dhamen vum Educatiounsministère och d’Buergermeeschtesch Sophie Diderrich dobäi. An dëser neier Struktur bei eis an der Gemeng kënnen eng aacht Kanner a Jugendlecher am Alter tëscht 4 an 18 Joer Plaz fannen a betreit ginn. Och Erwuessener bis 27 Joer kënnen hei opgeholl ginn. Bei der Aweiung d’lescht Woch huet eis Buergermeeschtesch Sophie Diderrich an hirer Ried betount: „Dir sidd häerzlech wëlkomm“. D’Kanner an déi Jugendlech solle sech an der Noumer Gemeng wuelfillen, esouwuel an hirem neien Doheem, wéi och an der Schoul, op de Spillplazen oder an den diverse Veräiner.
 
 
🇫🇷 Une nouvelle structure de la Croix-Rouge pour les enfants et les jeunes en difficulté a ouvert ses portes à Oberglabach. L’inauguration s’est déroulée en présence du directeur de la Croix-Rouge, Michel Simonis, de Gilles Dhamen, du Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse, ainsi que de la maire Sophie Diderrich. Cette nouvelle structure, implantée dans notre commune, peut accueillir et prendre en charge huit enfants et jeunes âgés de 4 à 18 ans. Les adultes jusqu’à 27 ans peuvent également y être accueillis. Lors de l’inauguration la semaine dernière, notre maire Sophie Diderrich a déclaré dans son discours : « Vous êtes les bienvenus. » Les enfants et les jeunes doivent se sentir à l’aise dans la commune de Nommern, aussi bien dans leur nouveau foyer qu’à l’école, sur les aires de jeux et dans les différents clubs.
 
Dernière modification le 09.09.2025

Des articles de la même catégorie

Schantjen an der Rue de l’Eau zu Noumer

Schantjen an der Rue de l’Eau zu Noumer

Vum 31. August bis de 7. September gëtt d’Haus Nummer 15 an der Rue de l’Eau zu Noumer un d'Netzwierker ugeschloss. De Verkéier gëtt doduerch gestéiert. Du 31 août au 7 septembre, la maison située au 15 Rue de l’Eau sera branchée aux réseaux. Il en résultera des...

lire plus
Post a Creos schaffen an der Rue de l’Eau zu Noumer

Post a Creos schaffen an der Rue de l’Eau zu Noumer

Vum 31. August u fir viraussiichtlech 3 Méint ass d'Rue de l’Eau zu Noumer verengt, dat wéinst Aarbechte vu POST-Telecom a CREOS. Déi betraffe Leit ginn direkt vun de Betriber informéiert. Dès le 31 août pour une durée probable de 3 mois, la Rue de l’Eau à Nommern...

lire plus
Chantier an der Rue du Cimetière zu Schrondweiler

Chantier an der Rue du Cimetière zu Schrondweiler

Den 3. September ass d'Rue du Cimetière zu Schrondweiler am Kader vum Bau vun engem Haus gespaart. Den Accès fir bei de Kierfecht, d'Haiser an de Gemengenatelier geet iwwer Nidderglabech. Le 3 septembre, la rue du Cimetière à Schrondweiler sera barrée dans le cadre de...

lire plus