Chantier an der Rue Principale (CR115) zu Schrondweiler mat Afloss op ëffentlechen Transport an Drénkwaasser

Vum 13. bis spéitstens de 24. Abrëll 2026 gëtt de Verkéier an der Rue Principale mat Luuchte gereegelt, vun der Kräizung mat der Rue du Cimetière bis d’Hausnummer 8 inclus. Vum 14. bis de 17. Abrëll gëtt de Busarrêt “Um Woes” vis-à-vis vun 10, Rue Principale, verréckelt virun d’Hausnummer 5.

 

Du 13 au 24 avril 2026 au plus tard, la circulation dans la Rue Principale sera régulée par des feux tricolores, depuis le croisement avec la Rue du Cimetière jusqu’au numéro 8 inclus. Du 14 au 17 avril, l’arrêt de bus « Um Woes », situé en face du 10, Rue Principale, sera déplacé devant le numéro 5.

De Schäfferot vun der Gemeng Noumer informéiert d’Awunner vun den Haiser 1 bis 17 an der Rue Principale, 2 Rue de la Gare souwéi vun der Rue du Cimetière, datt d’Versuergung mat Drénkwaasser en Donneschdeg, de 16. Abrëll 2026, vun 8:00 Auer bis spéitstens 16:00 Auer wéinst Aarbechten um Drénkwaassernetz ënnerbrach gëtt.Dofir biede mir déi betraffe Persounen, sech mat enger entspriechender Reserve un Drénkwaasser anzedecken. Mir soen Iech Merci fir Äert Versteesdemech.Bei weidere Froen zéckt net, de Gemengeservice technique ze kontaktéieren.
Dernière modification le 15.04.2026

Des articles de la même catégorie

De Reider  2 / 2026

De Reider 2 / 2026

Mir deelen Iech mat, datt den neie Reider déi nächst Deeg an Äre Bréifkëschte leie wäert an Dir fannt en och hei schonn online, an der Rubrik ‘Media Centre’ hei uewe riets.

lire plus
Schleck Gran Fondo huet Auswierkungen op de Verkéier

Schleck Gran Fondo huet Auswierkungen op de Verkéier

Am Kader vun der Vëloscourse Schleck Gran Fondo den 30.05.2026 si fir d’Gemeng Noumer follgend verkéierstechnesch Mesuren a Kraaft. De Verkéier verleeft a Faartrichtung vun der Course am Sens unique vun der Kräizung CR 119 / CR 306 Richtung Aechelbur, Rue Principale a...

lire plus