Zäitweileg Spärung vum Wanderwee N5

Zäitweileg Spärung vum Wanderwee N5

Update:

D’Aarbechten um Wanderwee N5 konnte scho gemaach ginn an de Wee ass nees op. Mee wéi an all Bësch bei dësem stiermesche Wieder gëllt et ëmmer virsiichteg ze sinn a gutt opzepassen.

 

Duerch d’Ofstierwe vun enger Rei vu Beem an déi domat verbonne Gefore war d’Gemeng am spéide Fréijoer gezwongen, no Ofsprooch mat eisem Fierschter, de Wanderwee N5 zu Schrondweiler ze späre fir eis Wanderer net a Gefor ze bréngen.

Duerch Gesetzer a Veruerdnunge fir d‘Erhalen an de Schutz vun den Aarten an hire Liewesraim konnten déi néideg Sécherungsschnëtt net dee Moment, am Ufank vun der Vegetatiounsperiod, gemaach ginn. Mat Récksiicht op den Naturschutz hu mir elo zesumme mat der Natur- a Bëschverwaltung e Plang ausgeschafft fir dës Sécherungsaarbechten auszeféieren, an dobäi an engems déi vill wichteg Hielen an den ofgestuerwene Beem, déi vu grousser Wichtegkeet fir d’Erhale vun den Aarten sinn, kënnen ze notzen.

Mir sinn deemno frou Iech matzedeelen datt dës Aarbechten an deenen nächste Méint duerchgefouert kënne ginn, a mir hoffen datt de Wee pénktlech fir dat neit Joer nees opgemaach ka ginn. Och freet et eis datt eng Rei Beem sech an dëse leschte Méint nees vun der Dréchent erhuele konnten, an eis dann fir de Moment mol erhale bleiwe kënnen.

Eise Fierschter, den Här Gilles Schneider behält d‘Situatioun fir eis am An an informéiert eis wann den Zoustand vun de Beem sech verschlechtere sollt (Tél. : 621 202 159).

Dat gesond Holz vun dëse Sécherungsschnëtt kann dann och als Brennholz un eis Bierger verkaaf ginn.

Déi Beem déi schonn ze wäit ofgestuerwe sinn a fir d’Sécherheet vun de Wanderer ëmgeluecht musse ginn, bleiwen am Bësch leie fir den Ökosystem am Bësch ze erhalen a bäizedroe Kuelestoff ze späicheren.

Noumer, de 30. Oktober 2023

de Schäfferot

Fermeture temporaire du sentier N5

Actualisation :

Les travaux sur le chemin de randonnée N5 ont déjà pu être réalisés et le chemin est de nouveau ouvert. Mais malgré tout il faut toujours être prudent et faire attention, comme dans chaque forêt par ce temps orageux.

 

Suite au dépérissement avancé de plusieurs arbres situés à proximité du sentier N5 et du risque imminent d’incident pour les usagers des sentiers récréatifs résultant, l’Administration Communale de Nommern, en concertation avec le préposé-forestier, était obligée de procéder au courant du printemps 2023 à la fermeture temporaire du sentier N5 situé à Schrondweiler, dans la forêt dite « Schrondweiler-Säitert ».

En conformité aux lois et règlementations en vigueur stipulant la préservation et la protection des espèces, ainsi que de leurs habitats, la coupe de sécurisation y relative n’a pourtant pas pu être réalisée en début de la période de végétation. Afin de respecter ainsi au maximum la conservation de la nature, l’Administration Communale de Nommern, en collaboration avec l’Administration de la Nature et des Forêts a élaboré un planning des travaux de sécurisation, tout en respectant que les arbres en stade de dépérissement présentent souvent de nombreuses cavités d’une grande importance en tant qu’habitats d’espèces.

Partant nous avons le plaisir d’annoncer que les travaux mentionnés vont être réalisés dans les mois à venir et seront probablement achevés pour le Nouvel An. De plus, quelques arbres ont pu régénérer le déficit en précipitations durant l’actuelle période de végétation. Leur abattage ne s’avère plus indispensable à ce stade. Pourtant, l’état phytosanitaire sera observé régulièrement par le préposé de la nature et des forêts local, M. Schneider Gilles, qui pourra être contacté en cas d’observation de dégradation d’état de santé des arbres restants. (Tél. : 621 202 159)

Le bois sain, en provenance de cette coupe de sécurisation, sera commercialisé au bénéfice des habitants de la Commune de Nommern en vue de satisfaire à la demande en bois de chauffage local.

Les arbres présentant un stade de dépérissement trop avancé, dont l’abattage s’avère indispensable en vue de la sécurisation du sentier et des infrastructures, seront conservés sur place en parterre en forêt, afin de contribuer activement à la conservation de l’écosystème forestier et au stockage du carbone.

Nommern, le 30 octobre 2023

le collège des bourgmestre et échevins

Dernière modification le 14.11.2023

Des articles de la même catégorie

Verkéiersreegelung am Kader vum Télévie

Verkéiersreegelung am Kader vum Télévie

Léif Awunnerinnen an Awunner vun der Noumer Gemeng, Am Kader vum groussen Télévie-Dag, dëse Samschdeg 20. Abrëll 2024 am Zentrum vun Noumer, wëlle mer Iech iwwer d’Reglementatioun vum Verkéier informéieren (weider liesen)   Chères concitoyennes, chers concitoyens...

lire plus
Aller au contenu principal