Är Gemengefacturen einfach digital iwwer MyGuichet kréien

Iwwer MyGuichet.lu kënnen d’Bierger elo hir Gemengefacturen (z. B. Offall, Holz oder aner kommunal Déngschter) ganz einfach elektronesch kréien. Dozou muss een a sengem private Beräich just seng Zoustëmmung ginn.

Soubal eng nei Rechnung disponibel ass, gëtt de Bierger automatesch informéiert – per E-Mail oder, wann een d’MyGuichet-App benotzt, och iwwer Push-Notifikatiounen. D’Rechnung kann duerno sécher online consultéiert an erofgeluede ginn.

Dëst gëllt fir all Gemengen zu Lëtzebuerg a kann zu all Moment zeréckgezu ginn. Ouni dës Zoustëmmung oder am Fall vun engem Zeréckzéie ginn d’Facturë weiderhin iwwer de gewinnte Wee (klassesche Courrier oder E-Mail) verschéckt.

Via MyGuichet.lu, les citoyens peuvent désormais recevoir leurs factures communales (p. ex. déchets, bois ou autres services communaux) de manière simple et électronique. Pour cela, il suffit de donner son consentement dans son espace privé.

Dès qu’une nouvelle facture est disponible, le citoyen est automatiquement informé – par e-mail ou, s’il utilise l’application MyGuichet, également via des notifications push. La facture peut ensuite être consultée et téléchargée en toute sécurité en ligne.

Ce service s’applique à toutes les communes du Luxembourg et le consentement peut être retiré à tout moment. Sans ce consentement ou en cas de renonciation, les factures continuent d’être envoyées par la voie habituelle (courrier ou e-mail).

Dernière modification le 18.02.2026

Des articles de la même catégorie

Tour de Luxembourg zu Noumer

Tour de Luxembourg zu Noumer

E Sonndeg, den 20. September 2026, fiert den Tour de Luxembourg duerch eis Gemeng. Géint 12.15 Auer ass den Depart zu Miersch a ronn 15 Minutten drop passéieren d'Coureure fir d'éischt Uewerglabech, ier et dann zu Noumer de Bierg erop op Goudelt geet. Wärend där Zäit...

lire plus
Schantjen an der Rue de l’Eau zu Noumer

Schantjen an der Rue de l’Eau zu Noumer

Vum 31. August bis de 7. September gëtt d’Haus Nummer 15 an der Rue de l’Eau zu Noumer un d'Netzwierker ugeschloss. De Verkéier gëtt doduerch gestéiert. Du 31 août au 7 septembre, la maison située au 15 Rue de l’Eau sera branchée aux réseaux. Il en résultera des...

lire plus
Post a Creos schaffen an der Rue de l’Eau zu Noumer

Post a Creos schaffen an der Rue de l’Eau zu Noumer

Vum 31. August u fir viraussiichtlech 3 Méint ass d'Rue de l’Eau zu Noumer verengt, dat wéinst Aarbechte vu POST-Telecom a CREOS. Déi betraffe Leit ginn direkt vun de Betriber informéiert. Dès le 31 août pour une durée probable de 3 mois, la Rue de l’Eau à Nommern...

lire plus