« Démarchage CAPNER »

🇱🇺 Léif Awunner·innen,

D’Gemeng Noumer weist Iech drop hin, dass momentan eng gewësse Firma « Capner » Telefonsuriff tätegt a vun Dier zu Dier geet, fir deelweis aggressiven Demarchage fir Photovoltaïkanlagen ze maachen. Dës Firma ass NET vun der Gemeng Noumer beoptraagt an agéiert och net an der Gemeng hirem Numm.

Loosst Iech wgl. net ënner Drock setzen. Loosst Iech, bei Interessi ärersäits, och aner Offere vun aneren Installateure weisen an informéiert Iech onofhängeg. Fir all Är Froen, betreffend nohaltegem Wunnen, kënnt Dir Iech och gäre bei eisem Partner, der Klima-Agence, mellen: +352 8002 11 90

🇫🇷 Chères habitantes, chers habitants,

La commune de Nommern souhaite vous informer qu’une société dénommée « Capner » effectue actuellement des appels téléphoniques et du démarchage en porte-à-porte, parfois de manière insistante, pour proposer des installations de panneaux photovoltaïques. Cette société n’a pas été mandatée par la commune et n’agit pas pour le compte de la commune.

Ne vous laissez pas mettre sous pression ! Si vous êtes réellement intéressé·e, comparez aussi avec des offres proposées par d’autres installateurs et renseignez vous de manière indépendante. Pour toute question relative à l’habitat durable, vous pouvez également contacter notre partenaire, la Klima-Agence : +352 8002 11 90

Dernière modification le 27.05.2026

Des articles de la même catégorie

Tour de Luxembourg zu Noumer

Tour de Luxembourg zu Noumer

E Sonndeg, den 20. September 2026, fiert den Tour de Luxembourg duerch eis Gemeng. Géint 12.15 Auer ass den Depart zu Miersch a ronn 15 Minutten drop passéieren d'Coureure fir d'éischt Uewerglabech, ier et dann zu Noumer de Bierg erop op Goudelt geet. Wärend där Zäit...

lire plus
Schantjen an der Rue de l’Eau zu Noumer

Schantjen an der Rue de l’Eau zu Noumer

Vum 31. August bis de 7. September gëtt d’Haus Nummer 15 an der Rue de l’Eau zu Noumer un d'Netzwierker ugeschloss. De Verkéier gëtt doduerch gestéiert. Du 31 août au 7 septembre, la maison située au 15 Rue de l’Eau sera branchée aux réseaux. Il en résultera des...

lire plus
Post a Creos schaffen an der Rue de l’Eau zu Noumer

Post a Creos schaffen an der Rue de l’Eau zu Noumer

Vum 31. August u fir viraussiichtlech 3 Méint ass d'Rue de l’Eau zu Noumer verengt, dat wéinst Aarbechte vu POST-Telecom a CREOS. Déi betraffe Leit ginn direkt vun de Betriber informéiert. Dès le 31 août pour une durée probable de 3 mois, la Rue de l’Eau à Nommern...

lire plus