Gemäß de Bestëmmunge vum Artikel 30bis vum geännerten Aménagementsgesetz vum 19. Juli 2004 huet de Schäfferot den 19. August 2025 d’Decisioun geholl, e Projet fir den Artikel 4 vum schrëftlechen Deel vum PAP “Quartiers existants” ze änneren, op den Instanzewee ze ginn.
Route barrée um CR119 tëscht Noumer an der Fiels
Wéinst Aarbechten ass den CR119 tëscht Noumer an der Fiels vum 2. November bis de 6. November inclus gespaart. De Camping Kengert bleift accessibel, iwwerdeems et zu Perturbatiounen am ëffentlechen Transport kënnt.



