PAP 11, Um Aker

De ganzen Dossier vum PAP 11, Um Aker läit op der Gemeng aus vum 24. Mäerz bis den 23. Abrëll 2025.

Gemäß de Bestëmmunge vum Artikel 30 vum geännerten Aménagementsgesetz vum 19. Juli 2004 informéiert de Schäfferot Iech doriwwer, datt hien duerch séng Decisioun vum 11. Mäerz 2025 de Projet vum PAP mam Numm 11, Um Aker zu Schrondweiler op den Instanzewee ginn huet, fir geneemegt ze ginn. Während 30 Deeg, an zwar vum 24. Mäerz bis den 23. Abrëll 2025, kënnen interesséiert Persounen sech den Dossier vum PAP op der Gemeng beim Service technique oder hei um Internet ukucken. Nëmmen d’Pabeierversioun op der Gemeng ass rechtsgülteg. Bemierkungen a Reklammatiounen dozou si schrëftlech, a bis spéitstens den 23. Abrëll 2025, un de Schäfferot eran ze schécken, entweder op d’Adress vun der Gemeng, 31, Rue Principale, L-7465 Nommern oder per E-Mail op d’Adress technique@nommern.lu.

 

PAP 11, Um Aker – Partie écrite

PAP 11, Um Aker -Partie graphique

PAP 11, Um Aker -Avis rectificatif de début de procédure

Dernière modification le 19.03.2025

Des articles de la même catégorie

Schantjen an der Rue de l’Eau zu Noumer

Schantjen an der Rue de l’Eau zu Noumer

Vum 31. August bis de 7. September gëtt d’Haus Nummer 15 an der Rue de l’Eau zu Noumer un d'Netzwierker ugeschloss. De Verkéier gëtt doduerch gestéiert. Du 31 août au 7 septembre, la maison située au 15 Rue de l’Eau sera branchée aux réseaux. Il en résultera des...

lire plus
Post a Creos schaffen an der Rue de l’Eau zu Noumer

Post a Creos schaffen an der Rue de l’Eau zu Noumer

Vum 31. August u fir viraussiichtlech 3 Méint ass d'Rue de l’Eau zu Noumer verengt, dat wéinst Aarbechte vu POST-Telecom a CREOS. Déi betraffe Leit ginn direkt vun de Betriber informéiert. Dès le 31 août pour une durée probable de 3 mois, la Rue de l’Eau à Nommern...

lire plus
Chantier an der Rue du Cimetière zu Schrondweiler

Chantier an der Rue du Cimetière zu Schrondweiler

Den 3. September ass d'Rue du Cimetière zu Schrondweiler am Kader vum Bau vun engem Haus gespaart. Den Accès fir bei de Kierfecht, d'Haiser an de Gemengenatelier geet iwwer Nidderglabech. Le 3 septembre, la rue du Cimetière à Schrondweiler sera barrée dans le cadre de...

lire plus