Route barrée – Kinnekswee zu Cruchten

Fir eis et ze erméiglechen, eng Fuite bei engem Schieber ze reparéieren, ass den 22. an 23. Abrëll 2026 de Kinnekswee zu Kruuchten op Héicht vun den Haiser 5 an 8 gespaart. Den Accès an d’Strooss “Op der Kopp” ass heivun net betraff, dohi kënnt ee weiderhi vun der Rue Neuve (CR 115) aus.

Donieft gëtt d’Waasserversuergung e Mëttwoch, den 22. Abrëll 2026 vun 10:00 Auer bis spéitstens 16:00 Auer wéinst Aarbechten um Waasserleitungsnetz ënnerbrach. Mir bieden déi betraffe Leit, sech eng adequat Reserv u Waasser unzeleeën a soen Iech Merci fir Äert Versteesdemech. Fir weider Froe steet Iech de Service technique vun der Gemeng zur Verfügung.

Afin de nous permettre de réparer une fuite au niveau d’une vanne, le Kinnekswee à Cruchten sera fermé les 22 et 23 avril 2026 à hauteur des maisons 5 et 8. L’accès à la rue « Op der Kopp » n’est pas concerné ; celle-ci reste accessible via la Rue Neuve (CR115).

Par ailleurs, l’alimentation en eau sera interrompue le mercredi 22 avril 2026 de 10h00 jusqu’à 16h00 au plus tard en raison de travaux sur le réseau d’eau potable. Nous prions les personnes concernées de constituer une réserve d’eau adéquate et vous remercions pour votre compréhension. Pour toute question supplémentaire, le service technique de la commune se tient à votre disposition.

Dernière modification le 20.04.2026

Des articles de la même catégorie

Strooss tëscht Kruuchten a Colmer-Bierg gespaart

Strooss tëscht Kruuchten a Colmer-Bierg gespaart

Den CR123 tëscht Kruuchten a Colmer-Bierg ass vum 1. bis den 3. Abrëll an dono och nach eemol de 7. Abrëll komplett fir den Trafic gespaart, wéi d'Ponts&Chaussées matdeelen. Fir d'éischt sinn d'Aarbechte ronderëm déi definitiv Erneierung vun der Strooss, ier sech...

lire plus