Orange Week 2023

Gewalt géint Fraen a Meedercher ass nach ëmmer eng vun den heefegsten Mënscherechtsverletzungen weltwäit. Och zu Lëtzebuerg sinn zwee Drëttel vun all de Fraen op d’mannst  eemol vun dëser Gewalt betraff.

Zur Geleeënheet vum Internationalen Dag fir d’Ofschafe vu Gewalt géint Fraen a Meedercher mécht d’Gemeng Noumer bei der Sensibiliséirungskampagne Orange Week mat, andeems mir d’Gemengegebai vum 25. November bis den 10. Dezember 2023 orange beliichten, an esou och eis Solidaritéit mat den Affer vu Gewalt ausdrécken.

De ganze Programm vun der Orange Week fannt Dir hei : Orange Week – Activités du CNFL – Conseil national des Femmes du Luxembourg an hei: LËT’Z SAY NO | Facebook.

 

Wann Dir selwer Affer vu Gewalt sidd, dann zéckt net op der Helpline unzeruffen (Telefonsnummer 2060-1060).

Dernière modification le 23.11.2023

Des articles de la même catégorie

Futtball an der Hal

Futtball an der Hal

D’Sport- & Jugendkommissioun zesumme mat der Gemeng Noumer huet d’Hal vum Filano allkéiers méindes de 17. November, 1. Dezember, 15. Dezember, 29. Dezember, 12. Januar, 26. Januar an den 9. Februar vun 21:00 bis 22:30 Auer reservéiert, fir kënnen an engem lockere...

lire plus
Chantier zu Schrondweiler an der Rue Principale

Chantier zu Schrondweiler an der Rue Principale

Wéinst Aarbechten un de Reseauen zu Schrondweiler an der Rue Principale (CR 115), vum Agang an d’Duerf aus Richtung Kruuchten bis virun d’Kräizung mat der Rue de la Gare (CR 346), verengt sech d’Strooss op eng Fuerbunn an de Verkéier gëtt mat Luuchte gereegelt. De...

lire plus