Stroossespär zu Schrondweiler op der Haaptstrooss

Den 10. Abrëll 2024 ass dat Stéck vun der Rue Principale zu Schrondweiler (CR 115) tëschent der Kräizung mat der Kierchestrooss an der Kräizung mat der Rue de la Gare gespaart.

D’Ëmleedung fir an d’Rue de la Gare zu Schrondweiler a fir op Noumer geet duerch d’Rue de l’École (CR 119) zu Schrondweiler, dann iwwer den CR 306 (Rue Principale) zu Noumer an erëm iwwer den CR 346 Richtung Schrondweiler.

Vum 2. bis de 26. Abrëll 2024 ass de Busarrêt (Lignes RGTR 231, K08 an K13) op der Haaptstrooss zu Schrondweiler beim Trafos-Haischen, duerch e provisoresche Busarrêt op Héicht vun der Pétanque-Piste (vis-à-vis vum Haus n° 13) ersat, an et ass verbueden um Parksträife laanscht de provisoresche Busarrêt ze parken.

Well de Schantjen zum Deel Aarbechten am Trottoir op Héicht vum Trafos-Haische mat sech bréngt, sinn d’Foussgänger wärend der ganzer Dauer vun den Aarbechten obligéiert iwwer den Trottoir op der géigeniwwer geleeëner Stroossesäit ze goen.

Le 10 avril 2024, le tronçon de la Rue Principale (CR115) à Schrondweiler entre l’intersection avec la Kierchestrooss et l’intersection avec la Rue de la Gare (CR346) sera barré à toute circulation.

La déviation vers la Rue de la Gare à Schrondweiler et vers la localité de Nommern ménera via la Rue de l’École à Schrondweiler (CR 119), le CR 306 (Rue Principale) à Nommern et le CR 346 en direction de Schrondweiler.

A partir du 2 et jusqu’au 26 avril 2024, l’arrêt de bus (Lignes RGTR 231, K08 et K13) situé Rue Principale à Schrondweiler près du poste transformateur, est remplacé par un arrêt de bus provisoire à hauteur de la piste de pétanque (en face de la maison n° 13).

Pendant toute cette durée, il est interdit de stationner sur la bande de stationnement longeant l’arrêt de bus provisoire.

En raison de travaux dans le trottoir à hauteur du poste transformateur, les piétons sont obligés d’emprunter le trottoir de l’autre côté de la Rue Principale.

Schrondweiler (CR 115) – Route barrée et arrêt de bus déplacé

 

Dernière modification le 09.04.2024

Des articles de la même catégorie

Verkéiersreegelung am Kader vum Télévie

Verkéiersreegelung am Kader vum Télévie

Léif Awunnerinnen an Awunner vun der Noumer Gemeng, Am Kader vum groussen Télévie-Dag, dëse Samschdeg 20. Abrëll 2024 am Zentrum vun Noumer, wëlle mer Iech iwwer d’Reglementatioun vum Verkéier informéieren (weider liesen)   Chères concitoyennes, chers concitoyens...

lire plus
Aller au contenu principal