op en Neits randaléiert

An der leschter Nuecht (vum 25. op de 26. August) hunn eng oder méi Persounen hirer Aggressioun fräie Laf gelooss an um Schoulcampus hei zu Noumer randaléiert.

Sou wéi et ausgesäit, ass dobäi e Poteau an den Asaz komm, fir haaptsächlech déi gliese Scheiwe vun Dieren a Fënsteren, besonnesch vun der neier Schoul, der Maison Relais an dem Festsall am Keller, grad esou wéi d’Bushaischen um Parking bei der Schoul ze verwüsten. Déi betraffe Persoune wollten sech ausserdeem Zougang an d’nei Schoul verschafen an hunn dobäi och de Kader vun enger oder méi Fënstere beschiedegt. Weiderhi goufen och d’Fënstere vun Autoen ageschloen.

De Schäfferot ass entsat iwwer d’Ausmooss vun de Beschiédegungen. D’Police huet Protokoll erstallt an Agente vun der Spuresécherung waren op der Plaz. An deem Kontext rifft de Schäfferot alleguer d’Awunner an eisen Dierfer dozou op, wa si eppes Verdächteges gesinn oder héieren, net ze zécken an d’Police ze ruffen. Et ass net fir d’éischte Kéier, datt Vandalismus an eiser Gemeng bedriwwe ginn ass, mee an dësem Fall ass d’Police nach an der Nuecht geruff ginn, an eng oder méi Persounen konnten interpelléiert ginn.

 

La nuit dernière (du 25 au 26 août), une ou plusieurs personnes ont laissé libre cours à leur agressivité et se sont déchaînées sur le campus scolaire ici à Nommern.

Il semblerait qu’un poteau ait été utilisé, principalement sur les vitres de portes et fenêtres, notamment de la nouvelle école, de la Maison Relais et de la salle des fêtes « Keller », tout comme sur l’ abribus du parking de l’école. Il semble que les personnes impliquées voulaient en outre accéder à la nouvelle école et ont ainsi endommagé le cadre d’une ou plusieurs fenêtres. Des vitres de voitures ont également été brisées.

Le collège des bourgmestre et échevins est consterné par l’ampleur des endommagements. La police a dressé protocole et des agents du service du relevé de traces étaient sur place. Dans ce contexte, le collège échevinal fait appel à tous les habitants de nos villages à ne pas hésiter à appeler la police s’ils voient ou entendent quelque chose de suspect. Ce n’est pas la première fois que des actes de vandalisme sont perpétrés dans notre commune, mais dans ce cas la police a été appelée la nuit au moment des faits, et une ou plusieurs personnes ont pu être interpellées.

Dernière modification le 26.08.2022

Des articles de la même catégorie

Äerdrutsch um CR123 tëscht Kruuchten an Essen

Äerdrutsch um CR123 tëscht Kruuchten an Essen

Wéinst engem Äerdrutsch gëtt de Verkéier um CR123 tëscht Essen a Kruuchten bis den 13. Januar 2025 mat Luuchte gereegelt. Vum 13. bis de 15. Januar 2025 muss d'Strooss nees gespaart ginn. Duerch d’Ëmleedung vun de Busser vun de Linnen 231, K18 an K08 kann et zu...

lire plus
De Reider 4 / 2024

De Reider 4 / 2024

Mir deelen Iech mat datt den neie Reider, mat dem Offallkalenner an dem Manifestatiounskalenner fir 2025, déi nächst Deeg an Äre Bréifkëschte leie wäert an Dir fannt en och hei schonn online, an der Rubrik ‘Media Centre’ hei uewe riets. 

lire plus
Aller au contenu principal