PAP 11, Um Aker

De ganzen Dossier vum PAP 11, Um Aker läit op der Gemeng aus vum 24. Mäerz bis den 23. Abrëll 2025.

Gemäß de Bestëmmunge vum Artikel 30 vum geännerten Aménagementsgesetz vum 19. Juli 2004 informéiert de Schäfferot Iech doriwwer, datt hien duerch séng Decisioun vum 11. Mäerz 2025 de Projet vum PAP mam Numm 11, Um Aker zu Schrondweiler op den Instanzewee ginn huet, fir geneemegt ze ginn. Während 30 Deeg, an zwar vum 24. Mäerz bis den 23. Abrëll 2025, kënnen interesséiert Persounen sech den Dossier vum PAP op der Gemeng beim Service technique oder hei um Internet ukucken. Nëmmen d’Pabeierversioun op der Gemeng ass rechtsgülteg. Bemierkungen a Reklammatiounen dozou si schrëftlech, a bis spéitstens den 23. Abrëll 2025, un de Schäfferot eran ze schécken, entweder op d’Adress vun der Gemeng, 31, Rue Principale, L-7465 Nommern oder per E-Mail op d’Adress technique@nommern.lu.

 

PAP 11, Um Aker – Partie écrite

PAP 11, Um Aker -Partie graphique

PAP 11, Um Aker -Avis rectificatif de début de procédure

Dernière modification le 19.03.2025

Des articles de la même catégorie

Schleck Gran Fondo huet Auswierkungen op de Verkéier

Schleck Gran Fondo huet Auswierkungen op de Verkéier

Am Kader vun der Vëloscourse Schleck Gran Fondo den 30.05.2026 si fir d’Gemeng Noumer follgend verkéierstechnesch Mesuren a Kraaft. De Verkéier verleeft a Faartrichtung vun der Course am Sens unique vun der Kräizung CR 119 / CR 306 Richtung Aechelbur, Rue Principale a...

lire plus
Sportleréierung op Nationalfeierdag

Sportleréierung op Nationalfeierdag

Appel aux sportifs méritants de la saison 2025/26 Le collège des bourgmestre et échevins de la commune de Nommern, en collaboration avec la commission « sports et jeunesse », organisera à l’occasion des festivités de la fête nationale, une cérémonie pour les sportifs...

lire plus