Futtball an der Hal

D’Sport- & Jugendkommissioun zesumme mat der Gemeng Noumer huet d’Hal vum Filano allkéiers méindes de 17. November, 1. Dezember, 15. Dezember, 29. Dezember, 12. Januar, 26. Januar an den 9. Februar vun 21:00 bis 22:30 Auer reservéiert, fir kënnen an engem lockere Kader Futtball ze spillen. Wann Dir Loscht an Zäit hutt matzespillen, kënnt Dir gär einfach laanscht kommen. Fir weider Froe mellt Iech gär per Mail un: nicolas.decker@nommern.lu.

La Commission des sports et de la jeunesse, en collaboration avec la commune de Nommern, a réservé la salle Filano tous les lundis 17 novembre, 1er décembre, 15 décembre, 29 décembre, 12 janvier, 26 janvier et 9 février, de 21h00 à 22h30, pour jouer du football dans une ambiance détendue. Si vous avez envie de jouer et que vous êtes disponible, vous êtes les bienvenus. Pour toute question, veuillez contacter: nicolas.decker@nommern.lu.

Dernière modification le 11.11.2025

Des articles de la même catégorie

Route barrée an der Rue des Chapelles zu Kruuchten

Route barrée an der Rue des Chapelles zu Kruuchten

D’Rue des Chapelles zu Kruuchten ass vun e Méindeg, dem 4. Mee bis e Mëttwoch, den 6. Mee 2026 op Héicht vun den Haiser 4 a 5 fir de Verkéier gespaart.Dowéinst sinn d’Rue de l’Eglise an d’Haiser an der Rue des Chapelles mat der Nummer 5 a méi héich (also och...

lire plus
Route barrée – Kinnekswee zu Cruchten

Route barrée – Kinnekswee zu Cruchten

Fir eis et ze erméiglechen, eng Fuite bei engem Schieber ze reparéieren, ass den 22. an 23. Abrëll 2026 de Kinnekswee zu Kruuchten op Héicht vun den Haiser 5 an 8 gespaart. Den Accès an d’Strooss "Op der Kopp" ass heivun net betraff, dohi kënnt ee weiderhi vun der Rue...

lire plus