Spuersam mam Drénkwaasser ëmgoen

Am Kader vun der aktueller Phase de vigilance nationale am Drénkwaasserberäich wëll d’Gemeng Noumer d’Bevëlkerung dozou opruffen, spuersam mam Drénkwaasser ëmzegoen. Och d’Gemeng wëll dozou bäidroen an informéieren, datt fir d’Bewässerung vun de kommunale Grénganlagen an de Blummebeeter keen Drénkwaasser benotzt gëtt. D’Waasser, dat fir dës Zwecker agesat gëtt, staamt aus der Quell Aechelbour, déi aktuell net Deel vum Drénkwaasser-Reseau ass. D’Gemeng huet sech zousätzlech dozou engagéiert, d’Bewässerung op dat néidegst Mooss ze limitéieren an dës, wann néideg, op déi méi kill Stonne vum Dag ze verlageren. Mat dëser Mesure wëll d’Gemeng e verantwortungsvollen Ëmgang mat der Ressource Waasser ënnersträichen an dozou bäidroen, d’Drénkwaasserreserven ze schounen. Mir soen alle Biergerinnen a Bierger Merci fir hiert Versteesdemech an hiren Effort beim spuersamen Ëmgang mam Waasser.

Dans le cadre de l’actuelle phase de vigilance nationale dans le domaine de l’eau potable, la Commune de Nommern souhaite appeler la population à faire preuve d’une utilisation responsable et économe de l’eau potable. La commune entend également contribuer à cet effort et informe que l’arrosage des espaces verts communaux et des massifs floraux ne se fait pas à l’aide d’eau potable. L’eau utilisée à cette fin provient de la source d’Aechelbour, qui ne fait actuellement pas partie du réseau d’eau potable. La commune s’est en outre engagée à limiter l’arrosage au strict nécessaire et, lorsque celui-ci s’avère indispensable, à le réaliser durant les heures les plus fraîches de la journée. Par cette mesure, la commune souhaite souligner l’importance d’une gestion responsable de la ressource en eau et contribuer à la préservation des réserves d’eau potable. Nous remercions l’ensemble des citoyennes et citoyens pour leur compréhension et leurs efforts en faveur d’une utilisation économe de l’eau.

Dernière modification le 16.07.2026

Des articles de la même catégorie

Tour de Luxembourg zu Noumer

Tour de Luxembourg zu Noumer

E Sonndeg, den 20. September 2026, fiert den Tour de Luxembourg duerch eis Gemeng. Géint 12.15 Auer ass den Depart zu Miersch a ronn 15 Minutten drop passéieren d'Coureure fir d'éischt Uewerglabech, ier et dann zu Noumer de Bierg erop op Goudelt geet. Wärend där Zäit...

lire plus
Schantjen an der Rue de l’Eau zu Noumer

Schantjen an der Rue de l’Eau zu Noumer

Vum 31. August bis de 7. September gëtt d’Haus Nummer 15 an der Rue de l’Eau zu Noumer un d'Netzwierker ugeschloss. De Verkéier gëtt doduerch gestéiert. Du 31 août au 7 septembre, la maison située au 15 Rue de l’Eau sera branchée aux réseaux. Il en résultera des...

lire plus
Post a Creos schaffen an der Rue de l’Eau zu Noumer

Post a Creos schaffen an der Rue de l’Eau zu Noumer

Vum 31. August u fir viraussiichtlech 3 Méint ass d'Rue de l’Eau zu Noumer verengt, dat wéinst Aarbechte vu POST-Telecom a CREOS. Déi betraffe Leit ginn direkt vun de Betriber informéiert. Dès le 31 août pour une durée probable de 3 mois, la Rue de l’Eau à Nommern...

lire plus