Gratis schwamme fir eis Kanner um Camping Nommerlayen

Fir déi kierperlech Aktivitéit vun de Kanner aus eiser Gemeng ze ënnerstëtzen huet de Schäfferot, mam Accord vum Gemengerot, en Ofkommes mat de Responsabele vum Eurocamping Nommerlayen getraff an en Deal fir eis Mannerjäreg ausgeschafft.

Ab dësem Joer kënne Kanner ënner 18 Joer, déi an eiser Gemeng liewen, gratis op de Camping schwamme goen. Dobäi gëtt een Deel vun de Käschte vum Camping gedroen an een Deel vun der Gemeng.

Wann de Camping komplett beluecht ass, ass d’Entrée an d’Schwämm just fir Campingsgäscht méiglech. Dofir muss een onbedéngt ier ee seng Visitt an der Schwämm plangt op de Site https://www.nommerlayen-ec.lu/de/schwimmbaeder.html kucke goen oder uruffen op der Nummer 87 80 78. Wann d’Schwämm fir Leit vu baussen zou ass, gëllt et natierlech dëst ze respektéieren.

Fir dat dëse Projet och an Zukunft nach kann esou weider lafen, gëllt et sech un e puer Konditiounen ze halen:

  • All Kand muss all Kéier seng gülteg Carte d’identité virweise fir gratis eran ze kommen.
  • Richtegt Schwammgezei ass Flicht!
  • Aus hygieenesche Grënn sinn normaalt Gezei a Sportsgezei an der Schwämm net erlaabt, genau sou wéi Ënnerwäsch ënner de Schwammsaachen.
Dernière modification le 11.05.2022

Des articles de la même catégorie

Tour de Luxembourg zu Noumer

Tour de Luxembourg zu Noumer

E Sonndeg, den 20. September 2026, fiert den Tour de Luxembourg duerch eis Gemeng. Géint 12.15 Auer ass den Depart zu Miersch a ronn 15 Minutten drop passéieren d'Coureure fir d'éischt Uewerglabech, ier et dann zu Noumer de Bierg erop op Goudelt geet. Wärend där Zäit...

lire plus
Schantjen an der Rue de l’Eau zu Noumer

Schantjen an der Rue de l’Eau zu Noumer

Vum 31. August bis de 7. September gëtt d’Haus Nummer 15 an der Rue de l’Eau zu Noumer un d'Netzwierker ugeschloss. De Verkéier gëtt doduerch gestéiert. Du 31 août au 7 septembre, la maison située au 15 Rue de l’Eau sera branchée aux réseaux. Il en résultera des...

lire plus
Post a Creos schaffen an der Rue de l’Eau zu Noumer

Post a Creos schaffen an der Rue de l’Eau zu Noumer

Vum 31. August u fir viraussiichtlech 3 Méint ass d'Rue de l’Eau zu Noumer verengt, dat wéinst Aarbechte vu POST-Telecom a CREOS. Déi betraffe Leit ginn direkt vun de Betriber informéiert. Dès le 31 août pour une durée probable de 3 mois, la Rue de l’Eau à Nommern...

lire plus