Sécher mam Vëlo

De Gebrauch vum Vëlo ass an de leschte Jore staark geklommen. Fir déi Eng ass et ee rengt Fortbeweegungsmëttel fir all Dag op d’Aarbecht ze fueren, fir déi Aner ass et e Moyen fir Sport ze maachen oder e gëtt ganz einfach als Fräizäitgerät genotzt.

Egal wéi, de Vëlo ass aus dem Alldag net méi wech ze denken an d’Pandemie huet dat zousätzlech nach beschleunegt.

D’Zesummeliewen tëschent Cyclist, Foussgänger an dem motoriséierte Verkéier klappt net ëmmer. Dofir huet d’Police dëst Joer hier éischt Campagne gestart. Ziel ass et, dëst Zesummeliewen, d’Verkéierssécherheet an d’géigesäitegt Verständnes ze verbesseren.

Eis Campagne soll an éischter Linn präventiv sinn.

Messagen fir déi motoriséiert Chaufferen:

  • Stellt Iech net op Vëlos-Pisten.
  • Passt op de Cycliste op, hie gehéiert zu deene Vulnérabelen am Verkéier.
  • Denkt un de Schëllerbléck wann Dir Är Autos-Dier opmaacht.
  • Wann Dir op enger Kräizung ofbéit, passt op den doudege Wénkel op.
  • Denkt beim Iwwerhuelen un de Sécherheetsofstand vun 1.5m.

Messagen fir den Cycliste:

  • Fuert defensiv, et ass besser net op säi Recht ze pochen.
  • Dir sidd eng schmuel Silhouette, denkt drun gutt gesinn ze ginn.
  • Besonnesch bei schlechtem Wieder an nuets muss Äre Vëlo gutt beliicht sinn, zéckt och net entspriechend Kleedung unzedoen.
  • Op der Kräizung direkt niewent engem Gefier stoen ze bleiwen ass net di beschte Plaz. De Chauffer besonnesch vu grousse Gefierer riskéiert iech net ze gesinn.
  • Den Helm gehéiert op de Kapp.

Messages communs:

  • De Code de la route ass fir jiddereen do.
  • Respektéiert een deen aneren.

Sech geint den Vëlos-Déifstall schützen ass och en wichtegt Thema. Doweinst huet Police en Zousatz op der Police App bei gesaat, fir do den Vëlo respektiv aner Wertsaachen an enger Cloud um Smartphone selwer ze enregistreieren,  an am Fall vun engem Déifstall do wichteg Mierkmaler ( Châssis Nummer, Marque, Modelle, Farw)  vum Vëlo kennen un Police wieder ze ginn.                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                    

Dernière modification le 26.02.2026

Des articles de la même catégorie

Tour de Luxembourg zu Noumer

Tour de Luxembourg zu Noumer

E Sonndeg, den 20. September 2026, fiert den Tour de Luxembourg duerch eis Gemeng. Géint 12.15 Auer ass den Depart zu Miersch a ronn 15 Minutten drop passéieren d'Coureure fir d'éischt Uewerglabech, ier et dann zu Noumer de Bierg erop op Goudelt geet. Wärend där Zäit...

lire plus
Schantjen an der Rue de l’Eau zu Noumer

Schantjen an der Rue de l’Eau zu Noumer

Vum 31. August bis de 7. September gëtt d’Haus Nummer 15 an der Rue de l’Eau zu Noumer un d'Netzwierker ugeschloss. De Verkéier gëtt doduerch gestéiert. Du 31 août au 7 septembre, la maison située au 15 Rue de l’Eau sera branchée aux réseaux. Il en résultera des...

lire plus
Post a Creos schaffen an der Rue de l’Eau zu Noumer

Post a Creos schaffen an der Rue de l’Eau zu Noumer

Vum 31. August u fir viraussiichtlech 3 Méint ass d'Rue de l’Eau zu Noumer verengt, dat wéinst Aarbechte vu POST-Telecom a CREOS. Déi betraffe Leit ginn direkt vun de Betriber informéiert. Dès le 31 août pour une durée probable de 3 mois, la Rue de l’Eau à Nommern...

lire plus