Vandalismus hei zu Noumer

Leider sinn Enn November an och déi lescht Deeg nees eng ganz Rei Géigestänn an der Ëmgéigend vun der Gemeng an der Schoul zerstéiert a beschiedegt, notamment verschleeft ginn. Well dat net fir d’éischt ass, an eis Aarbechter, séit elo schonn enger Rei Méint, ëmmer erëm Glasschierbelen, Fläschen, Zigarettestëmp an allerlee Dreck ronderëm d’Schoul, wou all Dag kleng Kanner spillen, ewech botzen ass et un der Zäit dës traureg Tatsaach ëffentlech ze maachen.

D’Gemeng huet Plainte agereecht a setzt verstäerkt ob Kontrollen duerch d’Police a Mataarbechter vun der Gemeng.

Sollt Dir eppes heivu matkritt hunn oder an Zukunft matkréien, dann zéckt net dëst direkt bei eis oder bei der Police ze mellen.

Dernière modification le 28.12.2021

Des articles de la même catégorie

Post a Creos schaffen an der Rue de l’Eau zu Noumer

Post a Creos schaffen an der Rue de l’Eau zu Noumer

Vum 31. August u fir viraussiichtlech 3 Méint ass d'Rue de l’Eau zu Noumer verengt, dat wéinst Aarbechte vu POST-Telecom a CREOS. Déi betraffe Leit ginn direkt vun de Betriber informéiert. Dès le 31 août pour une durée probable de 3 mois, la Rue de l’Eau à Nommern...

lire plus