D’Mierscher Lieshaus plënnert an deenen nächste Wochen an d’Villa Faber, dowéinst ass d’Bibliothéik vum 14. Mee bis viraussiichtlech den 2. Juni zou.
Wärend dëser Period kënne keng Bicher ugeholl oder ausgeléint ginn. Fir d’Lieser aus der Gemengen entstinn natierlech keng Nodeeler: All d’Friste gi fir dësen Zäitraum automatesch verlängert.
Ab provisoresch dem 2. Juni freet sech d’Mierscher Lieshaus sech, Iech op hirer neier Adress begréissen ze kënnen:
Mierscher Lieshaus – Villa Faber 7, Rue des Prés, L-7561 Mersch
Donieft och schonn den Ausbléck op déi nächst Aktivitéiten:
• Samschdeg, 06/06/2026 um 10:00 : Kreatiivt Schreiwen mam Manon Della Siega (am Mierscher Lieshaus)
• Samschdeg, 13/06/2026 vun 09:00 – 12:00 : Porte Ouverte Villa Faber
• Samschdeg, 04/07/2026 um 10:30 : Geschichte fir Kids – De Bobby huet Angscht vum Vera Schares (am Mierscher Lieshaus)
• Mëttwoch, 08/07/2026 um 19:00 : Liesung a Kollaboratioun mam Centre national de littérature a Luxembourg Pride – Diva Storytelling: D´Séraphine liest vir! (am CNL)
• Samschdeg, 11/07/2026 um 10:00 : Kreatiivt Schreiwen mam Manon Della Siega (am Mierscher Lieshaus)
• Dënschdeg, 28/07/2026 um 10:30 : Kreatiivt Schreiwen fir Kanner a Jugendlecher mam Manon Della Siega (am Mierscher Lieshaus)
• Samschdeg, 10/10/2026 um 10:30 : Geschichte fir Kids – A wat dréis du an dengem Rucksack? vun Inklusina asbl (am Mierscher Lieshaus)



